
De 5. November wäerte Milliounen Amerikaner a vläicht och deen een oder anere Lëtzebuerger op hirem Smartphone, op hirem Computer oder op der Tëlee op eng Kaart vun den USA kucken an drop waarden, dass déi eenzel Bundesstaate blo oder rout agefierft ginn: blo, wann d’Kamala Harris e Bundesstaat fir sech entscheet, rout, wann den Donald Trump déi meeschte Stëmmen hëlt. Ma wou kommen d’Faarwe vun den Demokrate respektiv de Republikaner eigentlech hier?
Fir all Persoun, déi sech hautdesdaags mat US-Politik beschäftegt ass et eigentlech selbstverständlech, dass d’Demokrate blo an d’Republikaner rout sinn. Ma wann een de politesche Bléck bis vun den USA ewechdréit, fält engem op, dass d’amerikanesch Parteie mat hire Faarwen eigentlech eng Ausnam sinn.
Kuckt ee sech nämlech de Rescht vun der Welt un, ass et normalerweis esou, dass Parteien, déi tendenziell éischter lénks vun der Mëtt sinn, Rout als Faarf notzen. Dass lénks Parteie mat Rout associéiert ginn, ass historesch gewuess: Schonn an der franséischer Revolutioun hunn d’Jakobiner de roude Fändel als Zeeche vum Protest benotzt. D’politesch Iddie vun de Jakobiner hunn de Grondsteen fir de Sozialismus an de Kommunismus geluecht. A villen europäeschen a südamerikaneschen awer och an enger Partie asiatesche Länner hunn déi lénk an déi sozialdemokratesch Parteie Rout bis haut als Faarf bäibehalen.
Blo op der anerer Säit ass, historesch gesinn, d’Faarf vum Konservatismus. Schonn d’Tories - d’Virleefer vun der haiteger Conservative Party - hunn am 16. a 17. Joerhonnert a Groussbritannien Blo als Faarf benotzt. An och haut nach, ass Blo a ville Länner d’Faarf vun de konservativen, nationalisteschen a rietspopulistesche Parteien.
Och an den USA war et laang esou, dass d’Demokraten, als Partei, déi sech éischter am lénken Deel vum politeschen Zentrum gesäit, Rout als Faarf genotzt hunn an d’Republikaner, déi dem Konservatismus verschriwwe sinn, blo waren. Dës Opdeelung vun de Faarwen huet och aus enger historescher Perspektiv Sënn gemaach: Am Biergerkrich haten d’Truppe vum Norden, ënnert dem Republikaner Abraham Lincoln als President, blo Uniformen.
Nach bei de Presidentiellen 1980 hu quasi alleguer déi grouss amerikanesch Tëleeschaînë Blo fir d’Republikaner a Rout fir d’Demokrate benotzt. Nëmmen ABC huet schonn deemools Bundesstaaten, déi vun den Demokrate gewonne goufen, als Blo markéiert. No an no sinn dann alleguer déi grouss Chaînen op Blo fir d’Demokraten a Rout fir d’Republikaner gewiesselt. De geneeë Grond, firwat dat passéiert ass, ass net gewosst. Dem Oscar Holland vu CNN no kéint et awer eppes domat ze dinn hunn, dass ABC ëm d'1990er deen am meescht gekuckten Noriichtesender vun den USA war.
2000 huet de Wiessel vun de Faarwen zementéiert
D’Walen tëscht dem George Bush an dem Al Gore am Joer 2000 gëllen dann als dat Evenement, dat d’Konventioun, dass d’Demokrate blo an d’Republikaner rout sinn, definitiv gefestegt huet. Et ware mat déi enkste Walen an der Geschicht vun den USA. Nach Wochen nom Waldag war net kloer, wien d’Wale gewonnen huet. Am Zentrum vun den Diskussioune stoung de Bundesstaat Florida, an deem et e Soupçon gouf, dass net alleguer d’Stëmme richteg gezielt gi wieren. Schliisslech huet den amerikanesche Supreme Court tranchéiert, dass d’Stëmmen a Florida net dierfen nei ausgezielt ginn. Wärend dëse wochelaangen Diskussiounen hunn nieft de grousse Fernseesender och déi grouss amerikanesch Zeitungen (mat Ausnam vun der Washington Post) ëmmer nees vun den Demokraten als blo an de Republikaner als rout bericht. D’Ausdréck “blue state” a “red state” sinn iwwert dës Walen an d’Alldagssprooch agaangen.
Nieft de Faarwe ginn déi zwou grouss amerikanesch Parteien och mat engem jeeweils eegenen Déier associéiert. Bei den Demokraten ass et den Iesel a bei de Republikaner den Elefant.
D’Notzung vum Iesel als Maskottche vun den Demokrate geet op de siwente President vun den USA, den Andrew Jackson, zeréck. Wärend senger zweeter Presidentschaftscampagne am Joer 1828 hu seng politesch Géigner hien als “jackass” bezeechent, wat en anert Wuert fir “donkey”, also fir Iesel ass. Den Jackson huet dorop reagéiert, andeems hien den Iesel als Maskottche geholl an en op seng Plakater drécke gelooss huet. Um Enn huet hien d’Walen dann och fir sech decidéiert.
Den Elefant als Zeeche vun de Republikaner taucht fir d’éischte Kéier wärend dem amerikanesche Biergerkrich op. Wärend dem Abraham Lincoln senger Campagne fir d’Presidentiellen 1864 notzt seng Campagne-Zeitung “Father Abraham” den Elefant als Zeeche fir d’Victoire am Biergerkrich.
Wärend den 1870er an 1880er Joren huet de Karikaturist Thomas Nast dann am Magazin “Harper’s Weekly” Karikature publizéiert, an deenen d’Demokraten Ieselen an d’Republikaner Elefante waren. Doduerch gouf d’Associatioun tëscht Demokraten an Ieselen a Republikaner an Elefanten endgülteg an der kollektiver Memoire vun den Amerikaner verankert.
Nach haut notze béid Parteien hiert jeeweilegt Déier als Logo a Maskottchen, D’Republikaner hunn den Elefant esouguer zum offiziellen Déier vun der Partei gemaach.
