Walen an den USAZanter Hallefnuecht ass de Radio live mat dobäi an den RTL.lu déi ganz Nuecht

RTL Lëtzebuerg
Harris oder Trump: Wie gëtt den nächste Bewunner vum Wäissen Haus? Um Radio wéi och bei eis am Liveticker verpasst Dir kee Moment.

Fir déi 60. US-Présidentielle stelle sech de Republikaner Donald Trump fir déi drëtte Kéier an d’Kamala Harris fir d’Demokraten déi éischte Kéier de Wieler.

Iwwert déi ganz Nuecht wäerten ëmmer erëm Stëmmungsbiller, Héichrechnungen a Resultater erakommen. Déi kritt der natierlech op RTL, am Ticker an um Radio, matgedeelt, kommentéiert an analyséiert. De besonnesche Bléck läit dobäi op de siwe wuel decisive Swing-states, an deenen 93 Walleit bestëmmt ginn.

Déi ganz Nuecht iwwer schalten d’Kolleegen um Radio och live an d’USA, wou eis Journalisten a Korrespondenten sur place sinn an de Bols direkt bei de Wieler huelen. Dertëscht kommen dann d’Analyse vu Luc Marteling a Roy Grotz. Moderéiert gëtt d’Emissioun vum Loïc Juchem, de Liveticker vum Cédric Ferry um neiste Stand gehalen.

Et gëtt eng spannend Nuecht! Vill ze spannend, fir ze schlofen, duerfir bleift wakereg a sidd op den RTL-Plattforme d’ganz Nuecht LIVE informéiert.

Wann d’Resultat bis sprochräif ass, kritt dir déi politesch Reaktiounen an den News-Flashen esou wéi dem Journal um 7 Auer um Radio wéi och an eisen Artikelen an an eisem Liveticker op RTL.lu.

Back to Top
CIM LOGO