
De Rotspresident Antonio Costa hat de Sommet aberuff, well nach ëmmer net kloer ass, wéi vill Suen d‘Europäesch Unioun tëscht 2028 an 2034 fir europäesch Projeten zur Verfügung wäert hunn. Et geet awer och ëm déi laangfristeg Ënnerstëtzung fir d‘Ukrain.
De Krich an Europa ass d‘office ee Punkt um Ordre du Jour vun engem EU-Sommet. Den därege Virfall vum 20. November, wou dräi russesch Missillen an de polnesche Loftraum agedrongen an do um Territoire erofgefall sinn, dierft och um ronnen Dësch vum Conseil am Europa-Gebai evoquéiert ginn. D‘EU kéint do hir Positioun ausschaffen zu der Propos vun der polnescher Regierung, dass d‘NATO an Zukunft kéint russesch Missille schonn iwwer dem ukraineschen Territoire offänken, sollt Kiew dat froen.
Virop ass d‘EU awer bei der finanzieller Ënnerstëtzung gefrot: Den ukrainesche President Selenskyj freet weider 70 Milliarden Euro fir d'nächst Joer, fir säi Land ze verdeedegen.
Dat nodeems d'EU der Ukrain fir 2026 a 2027 schonn 90 Milliarden zougesot hat. E Montant, deen awer net méi duergeet. D'EU-Kommissioun wollt préiwen, wéi vill Suen d'Ukrain reell brauch a wat dran ass. Sécherlech Theema um Sommet. Opginn oder noginn, kéint net d'Léisung sinn, hat de Lëtzebuerger Premier Luc Frieden nom leschte Sommet gesot.
An der Invitatioun un d‘Staats- a Regierungscheffe léisst de Rotspresident Costa awer keng Zweiwelen drun, wat fir hien d‘Prioritéit beim Treffen ass: Nämlech Neel mat Käpp maache beim pluriannuelle Budget fir d‘EU. Wéi vill Sue kënnen tëscht 2028 an 2034 verdeelt ginn an déi verschidden EU-gefërdert Secteuren, an awer och an déi méi nei Aufgaben, ewéi gemeinsam Defense, wirtschaftlech Kompetitivitéit an Innovatioun.
Mam éischte Plang vun der EU-Kommissioun ronderëm d‘Presidentin Ursula von der Leyen, de Budget däitlech ze hiewen, ware virop Länner ewéi Däitschland, déi méi abezuelen ewéi si direkt erauskréien, guer net averstanen. Déi wëll de Rotspresident Costa mat senger eegener Propos an enger däitlecher Kierzung iwwerzeegen. Gutt 180 Milliarden Euro manner, fir um Enn op nach knapps 1,6 Billioune fir siwe Joer ze kommen. Dat erhéicht d‘Hoffnung op e Kompromëss.