No gutt zwee Joer huet d'Raumsond Hera vun der Europäescher Weltraumorganisatioun (ESA) op hirer Asteroide-Missioun den Duebelasteroid Didymos an Dimorphos erreecht an éischt Biller op d'Äerd gefunkt. Op den Opnamen ass en däitleche Krater ze gesinn, deen d'US-Sond Dart viru véier Joer bei engem geziilten Aschlag op Dimorphos hannerlooss hat. Zil vun der Hera-Missioun ass et, Weeër fir d'Ofwier vun Asteroiden ze fannen, déi op der Äerd aschloe kéinten.
Den Didymos an Dimorphos sinn eelef Millioune Kilometer ewech an hu selwer keng Gefor fir d'Äerd duergestallt. D'Sond Dart vun der US-Raumfaartagence Nasa war de 26. September 2022 kontrolléiert um Dimorphos ageschloen. Den Dimorphos kreest ronderëm den Didymos, duerch den Aschlag war seng Fluchbunn mat Succès verännert ginn.
Den Dimorphos huet en Duerchmiesser vun 151 Meter, den Didymos ass mat 730 Meter Duerchmiesser däitlech méi grouss. D'Sond Hera, déi an Däitschland entwéckelt a gebaut gouf, soll an den nächste sechs Méint analyséieren, wéi genee sech d'Gestalt vun den Asteroiden duerch den Aschlag verännert huet.
Op den Opname vum Hera ass ze gesinn, datt den Aschlag eng Säit vum Dimorphos ofgeflaacht ze schéngt an dobäi e Krater hannerlooss huet. Bannen am Krater sinn Objete mat ongewéinlecher Struktur z'erkennen, vun deenen een d'Form vun enger Zigar huet. Wëssenschaftler schwätze vun engem "onerwaarten Zenario", deen awer weise géing, "datt mir de Geforen aus dem All" net méi ausgeliwwert sinn, ouni handelen ze kënnen.
Eng weider Iwwerraschung wier, datt sech duerch den Aschlag net nëmmen d'Ëmlafbunn vum Dimorphos verännert huet, mä och seng Dynamik. Virum Aschlag hätt hien änlech wéi eise Mound Didymos ëmmer déi selwecht Säit zougedréint, elo wier e "ganz chaotesch", wéi d'Planetologin Sabina Raducan vum Weltraumfuerschungsinstitut ISSI zu Bern erkläert.
Vun de Milliarden Asteroiden a Kometen an eisem Sonnesystem ginn nëmmen e puer als potentiell geféierlech fir d'Äerd klasséiert. Fir déi nächst honnert Joer gëtt net méi mat engem Aschlag gerecht. Datt iergendwann awer nees en Himmelskierper op der Äerd aschléit, gëllt weiderhin als warscheinlech.