FrankräichZéngdausende Mënschen hu géint dat geplangte Sécherheetsgesetz protestéiert

RTL Lëtzebuerg
Eleng zu Paräis sinn den Organisateure no ronn 10.000 Demonstranten op d'Strooss gaangen. Manifestéiert gouf och zu Lyon, Stroossbuerg, Lille a Marseille.

No den uergen Ausernanersetzungen déi lescht Weekender, sinn d’Protester e Samschdeg gréisstendeels friddlech verlaf. De Ministère fir d’bannenzeg Sécherheet huet gemellt, dass 140 Persoune festgeholl goufen.

Ausléiser fir dës Demonstratiounen ass e Gesetz, dee Videoopnamen vu Policeasätz aschränkt. Der Regierung no sollen domadder d’Beamte besser geschützt ginn. Kritiker soen awer, dass duerch dëst Gesetz d’Informatiounsfräiheet ageschränkt gëtt, well ouni Videomaterial Fäll vu Policegewalt net méi kënnen dokumentéiert ginn.

Wéinst de Protester hat déi franséisch Regierungsmajoritéit am Parlament ugekënnegt, de Gesetzestext wëllen ze adaptéieren. Et ass awer nach net kloer, wéi genee den Artikel soll verännert ginn.

Back to Top
CIM LOGO