
“Et wier keen Akt vu Rebellioun. Mir wëllen den Autoritéite just weisenm datt mer um Enn sinn an datt mer Hëllef brauchen,” esou d’Aussoe vu engem Restaurateur an de mexikaneschen Medien. D’Autoritéiten hu scho Sanktioune géint d’Restauranten annoncéiert.
Zanter dem 18.Dezember gëllen an der mexikanescher Haaptstad ganz streng Corona-Mesuren. All Aktivitéiten, déi net essentiell sinn, goufe gestoppt, also och den Horesca-Secteur.
