No heftegen ÄerdbiewenZuel un Doudesaffer an der Tierkei an a Syrien klëmmt op iwwer 50.000

RTL Lëtzebuerg
Eleng an der Tierkei sollen der tierkescher Katastrophenautoritéit no 44.218 Mënsche gestuerwe sinn. Aus Syrien goufe fir d'lescht 5.900 Doudeger gemellt.
© AFP/Sameer Al-DOUMY

Knapp zwou Wochen no der Äerdbiewekatastroph hat e Méindeg den Owend de Buedem am tierkesch-syresche Grenzgebitt op en Neits gewackelt.

Dëst Biewen hat eng Stäerkt vu 6,4 Punkten op der Richterskala. Den Epizenter louch am Bezierk Samandag an der südosttierkescher Regioun Hatay. Knapp 3 Minutte méi spéit gouf et nach e Biewe mat enger Stäerkt vu 5,8. Op d’mannst 6 Mënsche ware bei deem Biewen ëm d’Liewe komm.

E Freideg den Owend huet d’tierkesch Katastropheschutzautoritéit en neie Bilan mat iwwer 44.000 Doudesaffer eleng an der Tierkei geschéckt. A Syrien louch dee leschte Bilan bei iwwer 5.000 Doudeger.

Nach ëmmer sammele vill Hëllefsorganisatioune Spenden, fir de betraffenen an der Tierkei an a Syrien ze hëllefen. D’Spendenopriff vun de Lëtzebuerger Organisatioune fannt Dir, wann Dir op de Banner hei drënner klickt.

Back to Top
CIM LOGO