
Domat klëmmt d’Zuel un Affer vun der kenianescher Faascht-Sekt op 303.
Ronn zwee Méint, nodeems déi éischt stierflech Iwwerreschter vu Membere vun der Sekt fonnt goufen, gouf an engem 15.000 Hektar grousse Bësch no Massegriewer gesicht. Éischten Autopsien no sinn déi meescht Sektemembere erhéngert. Verschidden Affer, dorënner och Kanner, gouf stranguléiert, erschloen oder erstéckt.
Wéi et vun der Police heescht, waren déi meescht Affer Membere vun der Sekt vum Paul Nthenge Mackenzie. Dëse soll Ermëttlungen no d’Supporter vu senger chrëschtlecher Sekt “International Kierch vun der gudder Botschaft” dozou opgeruff hunn, sech zu Doud z’erhéngeren, “fir dem Jesus ze begéinen”. De Sektechef Mackenzie sëtzt zanter Mëtt Abrëll wéinst Terrorismus-Verdacht am Prisong.