WuhanZuel vu Corona-Fäll warscheinlech 10 Mol méi héich, wéi ugeholl

RTL Lëtzebuerg
Aus enger neier chineesescher Etüd geet ervir, dass bis Abrëll 4,43% vun den 11 Milliounen Awunner Antikierper géint de Virus entwéckelt hätten.

An Zuelen ausgedréckt, wieren dat 480.000 Corona-Infektioune bis Abrëll, also 10 Mol méi Corona-Fäll, wéi bis ewell matgedeelt. Vun offizieller Säit heescht et, dass sech an deem Zäitraum eng 50.000 Leit noweislech infizéiert hätten.

China gëtt ëmmer nees wéinst senger Informatiounspolitik kritiséiert, iwwert d’Grenzen ewech, awer och am eegene Land.

D’Diskrepanz tëscht den Zuele vun der CDC-Etüd an deene vun den Autoritéite kéint dorobber hiweisen, dass Feeler beim Iwwermëttele vu positive Fäll virkomm wieren oder eng grouss Unzuel u Mënschen net getest gouf, sot de Gesondheetsexpert Huang Yanzhong AFP géintiwwer.

Am Kader vun der Etüd goufe 34.000 Leit ënnersicht.

Bis ewell hu sech a China 87.027 Persoune mam Coronavirus infizéiert, eng 4.624 Doudesfäll goufe registréiert.

Back to Top
CIM LOGO