Impakt op de FluchverkéierZuel vu Fluchpassagéier ass ëm 60% gefall

RTL Lëtzebuerg
Wéi virauszegesinn, war d'Joer 2020 katastrophal fir d'Aviatioun, dat weltwäit...

Wéinst de Reesrestriktiounen an der Corona-Pandemie ass d’Zuel vun de Fluchpassagéier lescht Joer weltwäit ëm 60 Prozent zeréckgaangen. Dat mellt déi international Organisatioun fir ziville Fluchverkéier.

Alles an allem wieren 2020 1,8 Milliarde Passagéier mam Fliger geflunn. Dat Joer virdru waren dat nach 4,5 Milliarden.

Déi gréisste Baisse gouf et iwwerdeems bei den internationale Vollen. Hei si 74 Prozent manner Leit mat geflunn, wärend d’Zuel vun de Passagéier op nationale Flich ëm 50 Prozent zeréckgaangen ass.

Back to Top
CIM LOGO