Suivi vun den Iwwerschwemmungen a SpuenienZuel vun den Doudege klëmmt permanent

Jeannot Ries
Et si Biller, wéi wa Bommen ageschloen hätten: A Spuenien geet 48 Stonnen nom extreeme Reen, d'Sich no Iwwerliewende weider.
Suivi vun den Iwwerschwemmungen a Spuenien
An Deeler vu Spuenien ass et an de leschten Deeg zu katastrophalen Iwwerschwemmunge komm, bei deene vill Leit hiert Liewe verluer hunn.

E Wieder-Phänomen deen an Tëschenzäit als “Iwwerschwemmung vum Joerhonnert” ugesi gëtt. Déi lescht Stonnen ass de Bilan vun den Doudesaffer weider op iwwer 200 geklommen. Ënner Schock, ginn d’Mënschen an de betraffene Regioune sech dem Ausmooss vun der Katastroph nëmme lues bewosst.

“Schrecklech!(...) Elo bleift näischt méi. Näischt! (…) Et erkennt een näischt méi erëm”, sou e puer Reaktioune vun Aenzeien. Vill Leit sti weider ënner Schock.

48 Stonnen ass et hier, datt d’Waassermasse ganz Existenzen zerstéiert a Familljen auserneegerappt hunn. Déi éischt Phas vun der Rettung vu Mënschen ass ofgeschloss.

Et besteet kaum nach Hoffnung Leit lieweg ze retten.

Elo fänkt déi makaber Aarbecht un: No den Affer ze sichen. Dat wäert Deeg, wann net Wochen daueren. Sou grouss ass d’Zon, an där d’Waasser alles matgerappt an an där de Bulli alles ënnert sech begruewen huet.

“Mir wëllen nach emol eis Solidaritéit mat den Affer an hire Familljememberen ausdrécken. D’spuenesch Regierung an all Noutdéngschter sinn hei voll engagéiert. En Engagement iwwer Land, Loft a Mier. Op alle Fall soulaang wéi néideg a mat all den néidege Ressourcen, fir déi vermësst Leit ze fannen”, sou de spuenesche Premier Pedro Sánchez am klengen Duerf La Eliana, eng 16 Kilometer aus Valencia eraus.

A villen Dierfer gouf en Donneschdeg den Affer geduecht. Déi, déi iwwerlieft hunn, kucken no vir, dacks schwéieren Häerzens. “D’Trauer gëllt deenen, déi gestuerwe sinn. An et sinn der vill. Et hu vill Leit hiert Liewe verluer. D’Realitéit ass, wéi ech Iech gesot hunn, dëst ass alles wat ech zesumme gespuert hunn, haart erspuert, mäi Liewen. Awer mir liewen”, sou d’Reaktioun vun där 60 Joer aler Encarna.

Fir de laange Weekend warnen d’spuenesch Autoritéite viru weiderem staarke Reen, an der Provënz Castellon an och op den Insele Mallorca a Menorca wou eng Alerte Orange besteet.

Back to Top
CIM LOGO