ItalienZuel vun den Doudegen 2020 esou héich wéi am Zweete Weltkrich

RTL Lëtzebuerg
Italien kéint dëst Joer esou vill Doudeger notéieren wéi zanter dem Zweete Weltkrich net méi.

“Dëst Joer wäerte mer leider d’Grenz vun am Ganze 700.000 Doudeger iwwertreffen”, sou de President vun der italienescher Statistikagence Istat, de Gian Carlo Blangiardo. Dat wier e besuergneserreegende Wäert. Fir d’lescht huet Italien dës Zuelen am Joer 1944 erreecht, an der Zäit vum Zweete Weltkrich.

Iwwerdeems ass den Taux bei de Gebuerten erofgaangen, vun 420.000 am Joer 2019 op 400.000 dëst Joer.

Italien gouf massiv vun der Corona-Pandemie getraff. D’Gesondheetsinstitutiounen hu bis ewell 1,86 Millioune Corona-Infektiounen notéiert, nieft op d’mannst 65.000 Mënschen, déi mam oder um Virus gestuerwe sinn.

Back to Top
CIM LOGO