
Nodeems uganks vun 241 Doudege Rieds goung, haten d'Autoritéiten de Bilan e Mëttwoch tëschenzäitlech op 216 no ënne korrigéiert. Elo läit déi confirméiert Zuel vun den Doudesaffer awer definitiv bei 265. Iwwer 3.500 Leit sinn de kolumbianeschen Autoritéiten no blesséiert ginn, 500 Leit ginn offiziell den Ament nach vermësst, inoffiziell heescht et allerdéngs, datt nach no ronn 4.000 Leit soll gesicht ginn.
En Dënschdeg haten d'Secouristen iwwerdeems och eng 32 Joer al Fra lieweg aus dem Debris vun engem Gebai befreit, dat an de Koup gefall war.
D'Äerdbiewe mat enger Stäerkt vu 7,4 op der Richterskala hat dat südamerikanescht Land e Méindeg getraff. Den Epizenter louch am Weste vum Land an der Gemeng San José del Palmar am Departement Chocó, enger relativ aarmer Regioun un der Pazifikküst. Méi wéi honnert Wunn- a Bürosgebaier a sëllege Stied waren an e Koup gefall.
Zerstéiert Gebaier goufe vun Zaldoten, Pompjeeën a Fräiwëllegen duerchsicht. Sichhënn a schwéier Maschinne goufen agesat, op anere Plazen haten d'Leit Mënschekette gebilt, fir den Debris vun Hand ze raumen, an der Hoffnung, weider Iwwerliewender ze fannen.