
Zwee Busser krute sech op enger Kräizung op der Héicht vum Saar-Basar um Eschberg géint 9.15 Auer frontal ze paken, esou ee Spriecher vun der Police. Ënnert de Blesséierte sinn och 12 Crèchë-Kanner, déi an engem vun de Busser waren.
Den Oberbürgermeister Uwe Conradt schwätzt vu ronn 30 Blesséierten insgesamt. Eng sëllege Secouriste sinn den Ament nach op der Plaz. 40 Persoune wieren zum Zäitpunkt vum Accident an de Busser gewiescht, heescht et weider vun de Beamten. Der Saarbrücker Zeitung no wieren déi Blesséiert op Spideeler an der Géigend verdeelt ginn, an och een Helikopter wier am Asaz gewiescht.
D’Ursaach vum Accident an och, wéi de Virfall sech ofgespillt huet, ass den Ament nach net bekannt. D’Police ermëttelt op der Plaz, déi groussraimeg ofgespaart ass. De saarlänneschen Inneminister Reinhold Jost huet confirméiert, datt d’Kanner zesumme mat Erzéier ënnerwee op een Dagesausfluch waren, fir dat neit Gebai vun der Polizei-Inspektion Saarbrücken Stadt ze besichtegen.