Michael JacksonZwee méiglech Mëssbrauchsaffer schwätze mam Oprah Winfrey

RTL Lëtzebuerg
Zwee Männer, déi behaapten an hirer Kandheet vum Michael Jackson mëssbraucht ginn ze sinn, hu sech an der Talk Show vum Oprah Winfrey dozou geäussert.

E Méindeg gouf op der Chaîne HBO den Documentaire “Leaving Neverland” vum Dan Reed gewisen. E Film, deen nei Accusatioune vu d’Pedophilie géint de King of Pop opwërft. Am Fokus stinn de James Safechuck, haut 41 Joer al, an de Wade Robson, 36 Joer al, déi iwwert hir Rencontere mam Jackson an hirer Kandheet schwätzen. De Popstar soll déi Zwee deemools repetitiv mëssbraucht hunn.

“Hien (de Michael Jackson) sot mir, dass et Léift wier. Hie sot mir, hien hätt mech gären an dass Gott eis zesumme bruecht huet”, erzielt de Wade Robson no der Diffusioun vum Documentaire géigeniwwer dem Oprah Winfrey.

De Robson an de Safechuck erklären, dass si net wéinst Sue mat hire Geschichten no vir komm sinn, mee dat si d’Erfarungen an den Trauma verschaffe kéinten. Wei d’Talkshow-host d’Accusateure freet, ob si dem Kënschtler verzien hunn, huet de Safechuck zouginn, dass et him schwéier gefall ass, auszesoen. “Ech fille mech, wei wann ech hien am Stach gelooss hätt.”

D’Jackson Famill streit d’Uschëllegungen of a verklot HBO wéinst dem Documentaire fir 100 Milliounen Dollar.

Back to Top
CIM LOGO