56. Dag vum Krich an der UkrainZweet Phas am Ukrainkrich vum Kreml, NATO-Diskussiounen zu Helsinki

Petz Bartz
An der zweeter Phas vum Krich schéngt de Kreml véier kloer Ziler ze verfollegen.
56. Dag vum Krich an der Ukrain
Debatt a Finnland iwwer NATO-Bäitrëtt, Ukrainer a Stolwierk zu Mariupol hu sech net erginn, Russland test nei Interkontinentalrakéit.

Zu Helsinki a Finnland hunn d’Debatten am Parlament ëm e méigleche NATO-Bäitrëtt vum Land ugefaangen. Duerch d’Invasioun vun der Ukrain ass der Ëffentlechkeet a Finnland bewosst ginn, dass se am Fall vun enger Attack eleng op sech gestallt wieren. Finnesche Medien no wieren 100 Deputéiert sécher fir en NATO-Bäitrëtt an 12 kategoresch dogéint.

Et gouf en Evakuatiounsplang, fir ronn 6.000 Zivilisten vu Mariupol aus an d’Hannerland op Zaporizhzhia ze bréngen. Vun zwou Auer Lokalzäit u sollte Leit aus der Stad um Asov-Mier erausgelooss ginn. Mä déi Ukënnegunge waren op Skepsis bei den Awunner gestouss, well russesch Truppe schon dacks esou Convoien trotz Ofmaachung ënner Beschoss geholl hunn. Wéi vill Leit d’Fënster genotzt hunn, ass net bekannt.

De Militär an déi ultra-nationalistesch Milize vum Asov-Regiment halen den Ament mol nach d’Stolwierk zu Mariupol. Si hu fir déi véierte Kéier en Ultimatum, fir sech z’erginn, ouni Reaktioun versträiche gelooss, mä e Kommandant warnt, si stéinge virun hire leschten Deeg oder Stonnen. Si wieren 1 zu 10 an der Ënnerzuel an hätte 500 verwonnten Zaldoten.

An der aktueller zweeter Phas vum Krich huet de Kreml véier Ziler, an déi leie gräifbar no. D’Krim huet een zanter 2014. Et geet elo drëms, d’Kontroll iwwer de ganzen Donbass auszebauen an dann d’Landbréck iwwer Mariupol laanscht d’Asov-Mier ze schloen. Donieft wier Kharkiv als zweetgréisst Stad vum Land eng prestigiéis Trophée. Duerfir muss d’Resistenz, déi sech nach ëmmer am Stolwierk verschanzt huet, verschwannen an da muss de Verwaltungsbezierk vu Kherson ofgeséchert ginn. Zu Kherson ass d’Mündung vum Dniepr an d’Schwaarzt Mier. Nëmme mat der Kontroll iwwert den Dniepr brauch sech Moskau keng Suergen ze maachen iwwert de Manktem un Drénkwaasser-Reserven op der Krim.

Zu Kiew da war e Mëttwoch de Mëtteg e weidert Kapitel Symbolpolitik mat engem Handshake geschriwwe ginn. Den EU-Conseilspresident Charles Michel war beim President Wolodymyr Selenskyj op Besuch, am Bagage keng Waffen, mä duerfir kéipweis Solidaritéit. Et hätt een iwwert d’Russland-Sanktiounen an EU-Bäitrëttscritère geschwat, huet de Selenskyj um Enn getwittert.

Der UNO-Flüchtlingshëllef no hu bis ewell 5 Milliounen Ukrainer hiert Land zanter dem 24. Februar verlooss. 7,1 Millioune wiere bannent der Ukrain op der Flucht. 90 Prozent dovu si Fraen a Kanner.

Geopolitesch Spannungen hin oder hier, fir de Kreml war et e Mëttwoch e gënschtegen Dag, fir eng vun de neie Sarmat ze testen. Dat ass eng nei ballistesch Interkontinentalrakéit, déi mat 10 Sprengkäpp equipéiert ka ginn.

D’Hannergrënn iwwert de Krich an der Ukrain kuerz erkläert

Back to Top
CIM LOGO