
Vun dësen 2 Millioune Mënschen hunn der iwwer 127.000 de Covid-19 net iwwerlieft, bal eng hallef Millioun gëllt nees als geheelt, sou mellt et Worldometers.
Zueleméisseg “Spëtzereider” si mat groussem Ofstand d’USA. Déi Säit vum grousse Pull hu sech bis elo bal 615.000 Mënsche mam Coronavirus ugestach, iwwer 26.000 Covid-Patienten hunn de Virus an de Vereenegte Staaten net iwwerlieft.
An Europa gëllt jo Italien als dat Land, dat am schäerfste getraff ass, dat mat ronn 163.000 Infizéierten an engen 21.000 Doudesfäll. Am Grand-Duché ginn et, Stand e Mëttwoch de Moien, 3.307 confirméiert Fäll a 67 Mënschen, déi de Virus net iwwerlieft hunn.
