Carte blanche vum Paul HammelmannFoussfessel um Catwalk

Paul Hammelmann
Mat dësem Bracelet, deen och méi bekannte Personnagë mussen undinn, beschäftegt sech de Paul Hammelmann a senger satirescher Carte blanche.
© RTL

Carte blanche vum Paul Hammelmann

Juristesch heescht se "assignation à domicile avec surveillance électronique", am Volleksmond just bracelet électronique, oder Foussfessel.

Et ass eng Alternativ zu der Prisongsstrof an a Frankräich zum Beispill sinn am Joer 2025 nieft 85.000 Prisongsstrofen och nach 17.000 Leit zum Droe vun enger Foussfessel verurteelt ginn.

Elo, wou a Frankräich sech ëmmer méi, och emol valabel Kandidaten, fir d'Walen nächsten Abrëll ervirdinn, misste si sech Gedanke maachen, wéi se den enorme Staatsdefizit an de Grëff kréien, fir ënner anerem de Schüler a Studenten emol erëm Enseignanten a propper Toiletten ze offréieren.

Ech hu mech dowéinst um Film "Roma" inspiréiert, an deem de Fellini eng spektakulär – liicht blasphemesch, mee ongeheier witzeg – Modeschau vu liturgesche Gewänner presentéiert, besat mat Spëtzen, Liichterketten, Girlanden a Späizmännercher, dat Ganzt ënnerlecht mat meditativem gregorianesche Gesang.

A Frankräich, wat sech jo als "pays de la haute couture" bezeechent, kënnt ee vläicht de Vincent Bolloré, deen entretemps méi wei d'Hallschent vun der Medielandschaft a fester Hand huet, als Sponsor gewannen, fir hiren Exportschlager par excellence, de bracelet électronique, d’Foussfessel, déi a Frankräich besonnesch vill Unhänger (!) huet, virzestellen.

Am Hannergrond richteg haart opgedréint leeft YMCA an hei kënnt en och schonn eran, den éischte Mannequin… nee wat soen ech... et ass de Claude Géant selwer, fréiere Chef de cabinet vum Sarkozy, deen ee vun den éischte Modeller virféiert…

… direkt hannendrop mat méi klenge Schrëtt, awer gutt gelaunt - hie gëtt esouguer de Polizisten d’Hand - eng Spezialufuerderung fir Leit mat héijen Talleken de Model "Sarko".

D’Musek gëtt méi rhythmesch orientalesch a mir gesinn den neiste Fraenmodell, speziell op Bauchdanz ausgeriicht an eréischt viru Kuerzem fäerdeg ginn, de Model Rachida Dati.

An da komme mer schonn zum Héichpunkt vum Owend - Trommelwirbel wgl.! - mat militäreschem Paradeschrëtt, Been héich geheit, stolzéiert d'Marine eran. Si ass ganz houfreg op hir fuschneit Equipement - geolokaliséiert wäit iwwer den Hexagon eraus - ganz in marineblau.

Eigentlech war nach de Model Bolsonaro ugekënnegt, mee de Betraffenen huet säi Bracelet därmoosse mam Streckeise maltraitéiert, datt en net méi präsentabel ass.

Schued, datt de Milei seng Kettesee net dobäi hat, soss hätt ee wéinstens de Bracelet kënne retten.

Dofir awer – an dat entschëllegt villes, kleine Nachmusik huet agesat - de Bonbon vum Owend, kierzlech eréischt erëmfonnt no der Casse du Louvre, mat Dausende Brillante besat, e Prototyp, net fir all Dag an net fir all Mënsch, de Model Jean-Bedel Bokassa.

En France on n’a pas de pétrole mais on a des idées*.

*Slogan vum Valéry Giscard d’Estaing wärend der Petrolskris 1973

Back to Top
CIM LOGO