
An dräi Deeg fänkt déi 31. COP, déi järlech Weltklimakonferenz zu Antalya an der Tierkei un. Eng Destinatioun, déi ville Lëtzebuerger aus dem Vakanzekatalog vun eiser nationaler Fluggesellschaft ee Begrëff dierft sinn. Votum Klima, en Zesummeschloss vun enger Rei vun Organisatiounen aus der Lëtzebuerger Zivilgesellschaft, wäert zu Antalya present sinn, an erënnert eis bei där Geleeënheet, datt d'Politik virun iwwer zéng Joer versprach hat, laangfristeg d'Erhéijung vun der Temperatur op 1,5 Grad ze limitéieren.
Rezent Zuele weisen awer, datt et mat den aktuelle Klimapoliticke bis 2100 zu enger Temperaturerhéijung vun 2,6 Grad géif kommen.
Wärend d'Lëtzebuerger Regierung mam Klimaminister Wilmes eng virsiichteg Approche an de Verhandlunge virschléit, fuerdert Votum Klima eng konsequent an ambitiéis Positioun vu Lëtzebuerg an der EU.Amplaz d'Erwaardungen zeréckzeschrauwen, misst Lëtzebuerg d'Klima-Gerechtegkeet an de Mëttelpunkt stellen a seng Verpflichtungen erfëllen.
Grad dee leschten, extrem waarme Summer huet gewisen, wéi wichteg et ass, d'Klimaverspriechen anzehalen. Mir hunn elo all gespiert, datt esouguer eng Erhéijung vun 1,5 Grad e Grond zur Suerg muss sinn. Tatsächlech ginn d'Konsequenze vun de gefaarte Kipp-Punkten an der Reegel eréischt da spierbar, wann et schonn ze spéit ass. Dat weist ewéi wichteg et ass, d'Zil vun der 1,5 Grad-Grenz net einfach opzeginn, an der Hoffnung, dat spéider nozehuelen, well een elo net ze vill unecke wëllt.
D'Länner vum globale Süde leide besonnesch ënner de Konsequenze vun de fossille Brennstoffer, och wann déi industrialiséiert Natiounen am meeschten dovunner profitéiert hunn. Zur selwechter Zäit feelen hinnen d'Ressourcen, fir d'Kris unzegoen.
Lëtzebuerg huet sech international zu engem "credibelen" Ausstig aus de fossille Brennstoffer bekannt. Allerdéngs existéiert keng national Roadmap mat Zuelen a Fristen. Esou missten all Subventiounen a Steiererliichterunge fir fossil Energien opgedeckt ginn, an ee Plang fir hir Ofschafung erstallt ginn. Wat d'Finanzéierung ubelaangt, huet Lëtzebuerg eng Bedeelegung vun 320 Milliounen Euro un internationale Klima-Finanze bis 2030 ugekënnegt. Dat entsprécht 64 Milliounen Euro pro Joer. Kuckt een awer eist National-Akommes, géif ee fairen Undeel fir Lëtzebuerg bei mindestens 600 Milliounen Euro pro Joer leien.
"Hu mir also versot?", freet Votum Klima. Jo, mir sinn nach wäit ewech vum gesaten Zil. "Dierfe mer weider versoen?" Natierlech net! Zu Antalya dierf Lëtzebuerg sech net domat zefridde ginn, nëmme säi Bedaueren iwwer ongenügend Schluss-Deklaratiounen auszedrécken. Et misst d'Initiativ huelen: mat engem konkrete Plang fir de schrëttweisen Ausstig aus de fossille Brennstoffer an engem Bäitrag zu de Klima-Finanzen, deen dem gerechten Undeel entsprécht.