
Nët nëmmen d’Inflatioun, respektiv d'Präisdeierecht maachen eis ze schafen, mee och dacks déi negativ Erfarungen an Onzefriddenheet iwwert de Service, d‘Berodung an d’Begleedung am Handel, Handwierk, Verwaltungen an am Gesondheetsberäich. Oder sief et um Telefon, wou ee sech dacks muss dee Sproch unhéieren: „ All eis Leitungen sinn momentan besat, hutt wgl. e bëssen Gedold“.
Mee wann ee sech de Sproch muss eng hallef Stonn an nach méi laang unhéieren, dann kann engem och emol den Gedoldsfuedem räissen. Wien huet déi Erfarung net scho gemaach?
Oder bei enger schrëftlecher Ufro, wou een alt wochelaang op eng Äntwert muss waarden oder munchmol iwwerhaapt kéng kritt. Fakt ass et leider, datt een d’Impressioun huet, dass deen néidege Respekt vis-à-vis vum Client a leschter Zäit ëmmer méi ofgeholl huet. Och wann een eng grouss Unerkennung virun der Aarbecht vun deene Leit muss hunn. Déi Meeschte vun hinne gi sech sécherlech dacks ënnert schwieregen Aarbechtsbedéngungen all Méi, hir Clienten anstänneg ze zerwéieren.
Hei muss ee virun allem un déi eeler Generatiounen an un déi vulnerabel Persounen denken, déi net ëmmer méi sou mat der ganzer Entwécklung vertraut sinn. Ech denken och un all déi Online-Servicer an un de Bankesecteur, wou et zur Moud ginn ass, d‘Zerwisser um Client just nach an exklusiv Online unzebidden.
Mee den Déngscht um Client däerf dach net zur Niewesaach ginn a mat e bësse méi Fangerspëtzegefill a Frëndlechkeet géife sech sou munch Konflikter evitéiere loossen. Et ass hei sécherlech net gewollt, iergendeen un de Pranger ze stellen. Mee Zil ass et, fir op déi Phänomener opmierksam ze maachen an de Client net nach méi ze veriergeren.
An dat Ziel kann ee bestëmmt net erreechen, wann ee just nach déi sougenannte Scanner-Keesen ouni Personal am Buttek do stoen huet. Wat virun allem fir eeler Leit a géintiwwer dem Client - deen awer gutt genuch ass, fir déif an d’Täsch ze gräifen.
Well schliisslech geet et och dorëms, ze vermeiden, dass de Konsument der lokaler a regionaler Geschäftswelt nach méi de Réck dréint a sech an d’Grenzregiounen orientéiert.
D’Konkurrenz schléift bekanntlech net an och den Online-Shopping mat sengen dacks méi bëllegen a favorabele Präisser stellen eng grouss Erausfuerderung fir den traditionellen Handel an Handwierk duer. D‘Cliente solle sech beim Akafe wuel fillen, de Shopping soll zu engem Erliefnis ginn, wou e frëndlechen Empfang a Service déi normaalste Saach vun der Welt misste sinn, wou d‘Berodung stëmmt an dat zu faire Präisser.
Duerfir sollen am Interessi vu béide Säiten all Efforten ënnerholl ginn an dass et net nëmme just op den Frick ukënnt.