
Haut geet d’Orange Week op een Enn. Säit dem 25. November gëtt weltwäit, an och hei zu Lëtzebuerg, géint Gewalt géint Meedercher a Frae mobiliséiert. De Sujet gouf op ganz ënnerschiddlech Aart a Weisen opgegraff, sief et duerch klassesch Podiumsdiskussiounen, duerch Filmprojektiounen, Theaterstécker oder Ausstellungen. Kär vun all dëse Veranstaltunge war allerdéngs ëmmer dee selwechten: dorop opmierksam maachen, dass geschlechtsbezunne Gewalt reell ass an den Alldag vu villen bestëmmt.
An all deenen ënnerschiddleche Formater fält eppes ëmmer rëm op: Eng Stonn just iwwer Gewalt géint Fraen ze schwätzen, ze kucken, ze liesen – dat fält eis schwéier. Et geléngt seelen, dass de Fokus ganz geziilt op Meedercher a Frae geluecht gëtt an dann och do bleift.
Ëmmer erëm gëtt an dësem Kontext och Gewalt géint Männer betount. „Männer dierfen net kräischen.“, ass ee Saz, deen engem méi wéi eemol begéint. Ass dat esou? Dierfe Männer wierklech net kräischen? An a wéi enger Relatioun steet „net kräischen ze dierfen“ zu geschloen, erniddregt an am schlëmmste Fall ëmbruecht ze ginn? Ass d’Orange Week – déi 15 Deeg am Joer, déi ganz konkret Gewalt géint Meedercher a Frae beliichten – wierklech de richtege Kader fir op d’Männer als Affer ze kucken?
1 vun 3 Fraen erlieft weltwäit physesch, psychesch oder sexualiséiert Gewalt. Dat ass enorm.
A wéi geséit et 2024 zu Lëtzebuerg aus? Am Kader vun Expulsioune si mat 81% virun allem Frae vun haislecher Gewalt betraff. D’Täter ware praktesch ëmmer Männer, nämlech 87%. Och bei de Policeinterventiounen si ronn Zwee Drëttel vun den Täter männlech.
Zuele weisen, dass Gewalt, déi géint Fraen ausgeüübt gëtt, an der Reegel vu Männer, a virun allem vu Partner ausgeet. Dobäi handelt et sech net ëm een individuellt Bezéiungsdrama, mee ëm eng strukturell Verankerung vu Misogynie.
Do musse mir driwwer schwätzen an zwar net fir dann ze soen, dass mir jo driwwer geschwat hunn, mee fir no ganz konkrete Léisungen ze sichen. Wat et brauch, fir dass Bridder keng Schwëstere méi schloen a Partner hir Fraen net méi ëmbréngen. Wéi eng Mesurë mussen ëmgesat ginn, fir dass Gewalt géint Frae keng strukturell Realitéit méi ass?
Dass Männer Gewalt erliewen, ass net manner schlëmm oder manner wichteg. Selbstverständlech muss och hei Preventioun geleescht ginn an Hëllef fir Betraffener ugebuede ginn. Mee dass souwuel Männer, wéi Frae Gewalt erliewen huet den nämmlechte Grond. Nämlech d’Virstellung, dass dee méi Staarke scho gewënnt. Dass net genuch Plaz fir jiddwereen ass. An Muechtmëssbrauch deen eenzege Wee no vir ass. Vun enger strategescher Preventiounsaarbecht profitéiere mir also alleguer, onofhängeg vun eisem Geschlecht.
D’Donnéeën soen däitlech, dass Gewalt – onofhängeg dovun, géint wie se sech riicht – an éischter Linn vu Männer ausgeet.
Si 15 Deeg am Joer also wierklech ze vill verlaangt, fir de Fokus eng Kéier ganz geziilt op Meedercher a Fraen ze leeën? Permanent vum Thema ofzelenken an aner Elementer mat an d’Boot ze zéien, hënnert eis am Prozess, fir virun ze kommen. A virun allem geet wichteg Zäit an der Bekämpfung vu Gewalt verluer. An dat op d’Käschte vun de Meedercher an de Fraen.