Lieserbréif vum Jean BodenCovid-19-Perspektiven

RTL Lëtzebuerg

Iwwerall an der EU gëtt momentan un enger Exit-Strategie geschafft, awer leider och nach ëmmer vill ze vill ‘national’ bezunn. Zwar mécht d’EU Kommissioun an och d’EU Parlament hei déi éischt konkret Proposen, déi awer leider nach net zu enger besserer Koordinatioun gefouert hunn.

Eng vun de Basis Konditiounen hei ass awer, datt genuch konkret Informatioune kënne gesammelt ginn iwwert de Verlaf vun dëser Pandemie. An hei ass et fir mech onverständlech, datt d’Regierung an och onst Parlament, beim Sujet vun enger Tracing-App esou negativ reagéiert. D’Experte sinn sech hei jo unisono eeneg, datt éischtens elo muss massiv méi getest ginn (Covid-19 + Anti-Kierper), an hei och net just nëmme bei Mënsche mat Symptomer, an datt dës Erkenntnisser mat engem Beweegungsprofil kombinéiert, eng wesentlech méi grouss Sécherheet bedeit. Hei och rëm eng Kéier muss dat EU wäit koordinéiert ginn. Datt hei och Date Sécherheet muss, souwäit wéi méiglech, garantéiert ginn, an datt esou eng App just een Aspekt vun dëser Strategie ass, an och just temporär däerf agesat ginn, ass selbstverständlech. Awer hei sollen a mussen ons Volleksvertrieder ‘proaktiv’ virgoen an net op der Brems stoen. Momentan kritt een den Androck datt d’Regierung hei kee Plang huet an einfach mol ‘copie/paste’ mécht wat an onsen Nopeschlänner passéiert, oder bei méi (berechtegtem) Drock vu verschidde Lobbyen hir Mesuren upasst, oder nach wéi dat de Vize-Premier, den Här Kersch, gemaach huet, säi Mandat mat Féiss trëppelt, andeem en ee ganzen Deel vun onser Gesellschaft veronglimpft.

A mir sollten ophalen hei nach ëmmer de Begrëff vu ‘Social Distancing’ ze notzen. Richteg misst et si ‘Physical Distancing’, well mir Mënschen si sozial Weesen, déi de soziale Kontakt brauchen. Ech perséinlech schwätze gären, och haut, mat de Leit wann ech se dobausse beim spadséieren oder jogge begéinen, oder mat den Nopere virun der Dier, natierlech ëmmer mat der néideger physescher Distanz.

Ee vun den Aspekter elo bei der Exit-Strategie muss sinn, datt hei z.b. de ‘Congé collectif’ am Bausektor dëst Joer ganz flexibel muss gehandhaabt ginn, an datt hei an deene Branchen, wou eng Produktioun kann a muss nogeholl ginn, temporär och méi héich Wochen Aarbechtszäiten, op fräiwëlleger Basis, musse méiglech gemaach ginn. Ech fannen och datt, bei aller Virsiicht, ee kann d’Lockerungen op eng Manéier maachen, déi et de Mënschen a Betriber, och am Horesca Secteur z.b., erlaabt eng gewëssen ‘Normalitéit’ relativ séier rëm opzebauen. Och wann dëst eventuell bedeite kann, déi eng oder aner Erliichterung rëm réckgängeg muss gemaach ginn, wann d’Gefor besteet, datt et ee Réckschlag ka ginn.

Et ass just immens schued an deem Kontext datt hei déi Regierungsmemberen, déi fir Ëmwelt an Energie zoustänneg sinn, bei all de Klima an Ëmwelt Aspekter, déi och no der Iwwerwannung vun dëser Pandemie fir ons Zukunft esou wichteg sinn, einfach op Tauchstatioun gaange sinn. Bei alle schlëmme gesondheetlechen- a wirtschaftleche Konsequenze fir ons Welt, bedeit dës Kris awer och eng Chance fir méi nohalteg Weeër anzeschloen an onser Gesellschaft. Et muss ee just de Courage hunn dëst och politesch unzegoen.

BODEN Jean

Gonnereng

Back to Top
CIM LOGO