
Geéiert Membere vun der Regierung,
Häer Premierminister,
Madame Santésministësch,
Häer Educatiounsminister,
Ech schreiwen Iech als Biergerin vun dësem Land, als Fra, als fräi denkende Mënsch, als Meedchen, als Mamm... Ech verstinn d’Welt net méi. An ech denken Dir och net. Dass déi ganz momentan Situatioun extrem vill vun Iech als Decisisounskraaft ofverlaangt an Dir sou lues um Enn mat Ärem Latäin sidd... wéi een esou schéi seet.... ass kloer an och kloer novollzéibar.
Vun Ufank un hutt Dir souverän gewierkt. Iwwerluecht, mënschlech. Dëst hëlt awer an de leschten Deeg, wann net esou guer entremtemps extremst of. Un aller éischter Stell .... an esou kënnt et mir vir... ech loosse mech gäre korrigéieren... feelt a sämtleche Pressekonferenzen, Matdeelunge, Uleedungen, Umierkungen, neie Regelungen, neie Mesuren, etc.... de mënschlechen Aspekt. Et feelt einfach ganz kloer gesot u Mënschlechkeet an u Rücksicht op mënschlecht Verhalen.
Erlaabt mir bei mir unzefänken an et einfach emol ganz banal ze resuméieren. Mäi Papp... 70 Joer....e Liewenskënschtler wéi en am Buch steet.... ass schwéier krank. Longekribs. Endstadium. .... fir mech perséinlech heescht dat... et gi Mesure getraff, dass ech wuel an e grouss bekanntene Liewensmëttelbuttik mat Hobbyberäich kann akafe goen.... mech also stonnelaang an eng Rei mat wëllfrieme Leit stellen... mee ech däerf net kuerz op Besuch bei mäi Papp. Mol net an d’Spidol wou hie virun e puer Wochen ageliwert gouf, wou ech mir jo awer ka bal sécher sinn, dass d’Sécherheets- an Hygiènsmesure méi agehale ginn wéi am Cac.... pardon am Liewensmëttelbuttik mat Hobbyberäich.
Dann déi nächst Noorricht, respektiv eng nächst Nooricht no villen. D’Baumäert ginn erëm op. Mäi Gedanken... Wow.... ech däerft also och erëm alles akafe goe fir meng Gaardeclôture oder fir meng Geranien ze setzen.... mee mäi Papp däerf ech awer offiziell nach ëmmer net besiche goen.... deen iwwregens tëschenzäitlech vu menger fitter a léiwer, awer bal 70 jähreger Mamm alleng versuergt gëtt ... déi ech jo sou niewebäi och säit Wochen net däerf besichen, et sierf ech bréngen hir Liewensmëttel..... an dann och just mat Ofstand... wehe mir ech drénken eng Taass Kaffi mat 2 Meter Ofstand op hirer schéiner grousser Terrasse an engem Noper passt dat net. An sou weider an sou fort.... ech sot jo schonn am Ufank... ech sinn och Mamm..... also nächste Coup ... Pressekonferenz Educatiounsminister..... Yes. Jacckpot. Mäi 5jähregt däerf also elo ënnert –fir eis als Erwuessener quasi onmënschleche Konditiounen – zréck an d’Schoul. Déi Butze musse sech do u Regelen halen, déi kaum en erwuessene Mënsch kéint anhalen. An elo als Mamm.... de Schoulufank bei menger klenger grousser Joffer war alles anescht wéi einfach... hatt ass extrem familljegebonnen an häerzlech unhänglech a mir hu Woche gekämpft fir dass hatt sech an der Schoul kann afannen an elo an der momentaner Situatiounen – wou et scho muss op seng Frënn, säi Cousin wou säi beschte Frënd ass, seng Bomi wou et esou gäer ass, muss verzichten – soll ech et am Cylce 1.1 zréck an d’Schoul ginn... mat Ofstand anhalen zu senge Kolleegen, mat Mondschutz, ouni den direkte Kontakt zu der sou léiwer Joffer déi kéint op et agoen an tréischten..... Pardon.
Vill Text fir eppes ze soen. Wou bleift de mënschlechen Aspekt an all deene Mesuren.... wou de Mënsch.... an ech denken dass meng Situatioun nach eng vun deene banalsten ass.... Vill Leit sinn am Chômage.... Chomâge partiel... Indépendanten fäerten ëm hir Existenz.... anerer hunn hir Léifst ouni lescht Beréierung verluer... mee gëtt dat ugeschwat? Berücksichegt? Nee. Firwat net ... iert ech Baumäerkt erëm opmaachen, wier et net ubruecht dem Mënsch emol erëm de Kontakt zu sengen Elteren/Léifsten (offiziell) ze erlaaben ? Soen... haalt ären Ofstand.... knutscht vläicht net jiddereen of.... bleift an der frëscher Loft, mee gidd se besichen ouni 145 EUR Stroof ze erwaarden oder sech einfach kriminell ze fille well ech wëll mäi stierwende Papp besichen a meng Mamm ënnerstëtzen.... Eis e bëssen eegene Mënscheverstand zougestoen... Firwat net soe wat d’Schoul betrëfft... mir notzen déi virtuell Méiglechkeete wou mir hunn. Loosse Punkte Punkten a Schoul Schoul sinn a kucken, dass eis Kanner ouni alt ze grousse Schued dorauser eraus kommen. Kuckt dass de Cycle 4 an de Lycée ka kommen an d’Premièren hiren Ofschloss kënne maachen. Ech si keen Expert... wäit dovun.... dat ass mir wuel bewosst. Ech si just eng Biergerin vun dësem Land, mat Frënn a Frëndinnen déi ech säit Wochen net gesinn hunn, mat engem Papp deen ech vläicht niméi wäert erëm gesinn, mat engem Kand deem ech dat ganzt all Dag op en neits probéieren ze erklären an et bei Laun ze halen, mat enger Mamm déi mir feelt an déi ech an enger extrem schwéirer Zäit net ënnerstëtze däerf, mat engem Mann dee mindestens 8 Stonne virum Computer sëtzt a schafft, an ech... extreme Morgenmuffel (!!)..... deen um 5 opsteet fir eppes geschafft ze kréien, fir um 8 kënne mam Kand Aufgaben ze maachen an och soss selbstverständlech ze betreien... an ech fille mech am Stach gelooss. Mënschlech am Stach gelooss.... well deen Aspekt schéngt jo an enger vun deene gréisste Krisen an eiser jonker Geschicht vir an hanne keng Roll ze spillen. Oder hunn ech et verpasst wéi dat ernimmt gouf ?
Kéint also vläicht ee vun den Dammen an Hären aus eiser Regierung de mënschlechen Aspekt kuerz mat a Betracht zéien ? Ech mengen, ech sinn net déi eenzeg Persoun déi Iech dofir immenz dankbar wier....
mat all mengem Respekt a bleift gesond,
Norma