
Aktuell sinn 31 Persounen hospitaliséiert, dovunner si 6 Patienten op der Intensivstatioun. Vun den 1060 Infektiounen waren der 115 Re-Infektiounen. Den Ament ginn et 9.591 aktiv Infektiounen, 174.278 Leit sinn nees gesond.
Am Ganze goufe bis ewell 1.265.844 Impfdosisse genotzt.
Den Inzidenzwäert bei den Net-Geimpfte läit bei 189,47 op 100.000 Awunner, dee vun de Geimpfte bei 158,32 op 100.000.
Déi effektiv Reproduktiounszuel läit bei 0,91. Wann den Taux iwwert 1 läit, bedeit dat, datt eng Persoun, déi de Virus huet, am Duerchschnëtt méi wéi eng aner Persoun infizéiert.