
Zum Verglach: Am Joer 2025 goufen am Ganze 216 presuméiert Dealer festgeholl. 192 dovu goufen op frëscher Dot erwëscht, wärend déi aner 24 op Basis vun engem Haftbefeel festgeholl goufen.
Zousätzlech huet d’Police zënter dem 1. Mee 2026 d’Ëffnungszäite vum Kommissariat an der Uewerstad an der Rue du Fossé ausgebaut. D’Kommissariat ass elo 24 Stonnen op 24 a siwen Deeg d’Woch besat.