
1. Ënnert anerem zu Stadbriedemes an zu Noumer stinn déi nei Gemengeréit scho fest, well net genuch Kandidate sech opgestallt hunn. Zu Noumer gouf elo d’Sophie Didderich mat 24 Joer Buergermeeschtesch an ass domat déi jéngst Buergermeeschtesch, déi et jee zu Lëtzebuerg gouf.
2. Vun den 3847 Kandidate sinn 1483 Fraen dobäi, d’Fraequot läit also bei 38.5%. Deemno sinn 61.2% vun de Kandidate Männer, bei 60% vun de Parteie si 40% Fraen op der Lëscht.
3. Vill Leit stelle sech d’Fro, ob et en Dresscode gëtt, fir wielen ze goen. Sou eppes gëtt et zu Lëtzebuerg net, et kann een also och am Pyjama wiele goen.
4. Dëst Joer hu sech 59.596 Persoune fir d’Bréifwal ageschriwwen. Bei de leschte Gemengewale waren et der just 20.753.
5. Dëst Joer gëtt an 102 Gemenge gewielt , mee wéinst de Fusioune vu Groussbus a Wal wéi och Bous a Waldbriedemes ginn et no de Wale just nach 100 Gemengen hei am Land.
6. 10% vun de Kandidaten hunn net déi lëtzebuergesch Nationalitéit. D’CSV huet dobäi de klengsten Undeel u Kandidate mat enger anerer Nationalitéit, d’Piraten de gréissten.
7. D’Altersmoyenne vun de Kandidate bei dëse Gemengewale läit bei 48 Joer.
8. Déi jéngst Kandidatin huet um Dag vun de Wale grad emol 18 Joer an 3 Deeg, wärend déi eelst Kandidatin 85 Joer huet
9. All Lëtzebuerger tëscht 18 a 75 huet Walflicht. Wann een dëser Flicht net nokënnt, riskéiert een eng Geldstrof tëscht 100 an 250 Euro.
10 Nei ass dëst Joer d’Auslännerwalrecht ab 18 Joer. All Auslänner deen zu Lëtzebuerg lieft, dierf wiele goen, huet sech awer virdru missen op enger Lëscht androen. Wann ee bis op där Lëscht ugemellt ass, muss een dann och wiele goen.
11. All Prisonéier, dee säi Wunnsëtz zu Lëtzebuerg huet an net iwwert eng Peine criminelle oder Peine accessoire d’Walrecht ofgeholl krut, dierf bei de Wale matmaachen. Esoubal d’Bréifwal ugefrot ka ginn, gëtt dat am Prisong annoncéiert an déi Gefaange kënne sech mellen.