"Straussfeier"Réibau vum Roots-Gebai um Beval fäerdeg – Staat keeft 30 vun 102 Wunnengen

François Aulner
Um Belval sinn eng Rei nei Wunn- a Bürosgebaier aus dem Buedem gewuess. Um Freideg gouf den Ofschloss vum Réibau vun Gebai "Roots" gefeiert, just déi Säit vum rouden Bürostuerm.
Belval: Réibau vum Roots-Gebai ofgeschloss – 30 Wunnenge fir de Staat
© Julian Pierrot

Roots ass e Gebai vu 6 Stäck mat 102 Wunnengen fir Duerchschnëttspräisser vun 8.000 Euro de Metercarré. D’Feier um Chantier nennt een eng Strauss-Feier: e Blummekranz gëtt ënnert d’Gespär – d’Charpente – gehaang, fir den Enn vum Réibau ze feieren. Politiker, Entwéckler, Investisseuren a Vertrieder vu Baufirmen waren dobäi an esouguer e puer Dose Bauaarbechter.

D’Buergermeeschtesch vu Suessem, d’Simone Asselborn-Bintz, huet de Quartier als dynamesch bezeechent, wou ee kéint schaffen, wunnen, Sport maachen oder Kultur genéissen an dat alles zu Fouss. Mir hu mat hir aus der Fënster gekuckt a kaum Foussgänger gesinn.

Si huet zouginn: "Jo, a mir hoffen och, dass dat ännert, well effektiv, et gi jo, wann den Tram bis kënnt, och verschidde Stroossen anescht amenagéiert, et ginn och elo Stroossen zréckgebaut, wou méi Gréngs gemaach gëtt, op der Escher Säit, souwuel op der Suessemer Säit a wann der bis eriwwer an de Park gitt, do ass ganz vill Mouvement ouni Autoen." D’LSAP-Politikerin huet op de Park higewisen, wou de Weekend "wierklech eppes lass ass".

"Rentabilitéit éischter negativ"

D’Entwéckler si Belsch: d’Immobiliefirma BPI Real Estate an Unibra – eng Brauerei, déi an Afrika operéiert an niewebäi Immobiliegeschäfter mécht. Si hunn den Terrain vun Agora opkaaft an de Staat huet am Kader vu sengem Vefa-Opkafsprogramm 30 Wunnengen am Wäert vun eng 20 Milliounen Euro um Plang zeréckkaaft.

De Logementsminister Claude Meisch sot, et géing net just drëms goen ze kucken, datt privat Promoteuren hir Immobilie kéinte verkafen, mee och, datt de Staat Locatiounswunnengen kritt, déi een zu "ganz raisonnabele Konditioune" kéint verlounen. Hien huet och betount, datt de Staat sech Limitte gesat huet, wéi vill e géing bezuelen, an datt ëmmer géing verhandelt ginn.

Dat hunn d’Entwéckler bestätegt. Mir hu si gefrot, ob si dann ouni de Kaf vun 30 Wunnengen duerch de Staat mam Bau iwwerhaapt hätte kënnen ufänken. Den Arnaud Regout vu BPI Real Estate huet gemengt, dat wier scho gaang, well BPI an Unibra zwee grouss Gruppe wieren, déi déi belsch Bank KBC hannert sech hätten. D’Opkafe vum Staat géing fir de Promoteur eng Erausfuerderung duerstellen, well "d’Rentabilitéit éischter negativ" wier – an anere Wierder, géing een eng Perte a Kaf huelen, fir d’Kreditter ze rembourséieren, quitt datt een duerno keng Marge hätt, fir ze reinvestéieren.

Meisch hält u Plafong fir Amortissement accéléré fest

Den Thibault Relecom, Bouf vun der Ierwin vun Unibra, sot, et wier een an der Kris, mee am selwechten Otemzuch war en optimistesch, well et e "wonnerschéine Projet" wier, aus Holz a mat enger grousser Mixitéit.

Fir de Kaf vu Locatiounswunnengen ze stimuléieren, haten de Finanzminister Gilles Roth an de Claude Meisch mam Booster-Programm eng Rei steierlech Mesurë ugekënnegt. De Parteikolleeg vum Logementsminister, den DP-Deputéierte Patrick Goldschmidt, hat am August bei eis de Plaffong vu 600.000 Euro fir den Amortissement accéléré vu 6 % kritiséiert. De Claude Meisch sot op Nofro hin, hie géing et net gutt fannen, wann d’Chamber dee Plaffong géing ophiewen. Hie sot, déi meescht Objeten, déi fir d’Locatioun sinn, géingen ënner de Plaffong falen. "A wa se net drënner falen, da si se vläicht och einfach ze deier an da muss de Promoteur en Effort maachen", esou de Logementsminister.

De Claude Meisch bleift also virsiichteg mat steierlechen Ureizer fir Investisseuren an de Locatif a favoriséiert de Kaf vu Wunnengen duerch de Staat. Mat 480 Milliounen Euro Budget hätt de Staat iwwer 800 Wunnengen elo kaf, déi dann zu bezuelbare Loyere solle verlount ginn.

D'Schreiwes am Detail:

Fête du bouquet du projet «ROOTS» à Esch-Belval: les 30 logements abordables acquis par l’État prennent forme (11.09.2026)
Communiqué par : ministère du Logement et de l’Aménagement du territoire

Le ministre du Logement et de l'Aménagement du territoire, Claude Meisch, a participé ce vendredi 11 septembre 2026 à la fête du bouquet du projet résidentiel «ROOTS» à Esch-Belval. L'État y a acquis 30 logements pour un montant de 20.615.258 euros, dans le cadre du programme d'acquisition en vente en état futur d'achèvement (VEFA). Une fois le chantier achevé, ces logements seront mis en location abordable.

Le projet «ROOTS» est développé par le promoteur-constructeur BPI Real Estate Luxembourg. La Société nationale des habitations à bon marché (SNHBM) assure le suivi de la réalisation des 30 logements acquis par l’État et en assurera la mise en location ainsi que la gestion.

«La fête du bouquet marque une étape importante, nous nous rapprochons du moment où ces 30 logements abordables accueilleront leurs premiers habitants, qui pourront y construire leur chez soi et participer pleinement à la vie du quartier. Grâce au programme d’acquisition en VEFA et à une coopération étroite entre acteurs publics et privés, l’État peut augmenter rapidement le parc de logements abordables et répondre aux besoins de nos citoyens. Avec une enveloppe supplémentaire de 300 millions d’euros, nous poursuivrons ce programme ambitieux afin d’élargir encore l’offre étatique et de garantir à davantage de ménages un logement de qualité à un prix accessible», souligne Claude Meisch, ministre du Logement et de l'Aménagement du territoire.

Poursuite de la mise en œuvre du programme d'acquisition VEFA
L'acquisition de logements VEFA s'impose désormais comme un instrument structurant de la politique nationale du logement. Elle permet d'augmenter rapidement l'offre de logements abordables tout en soutenant l'activité du secteur de la construction.

300 millions d'euros supplémentaires pour les VEFA

Le premier programme d’acquisition de logements abordables en VEFA a confirmé l’efficacité de cet instrument. Grâce à une première enveloppe de 480 millions d’euros, l’État a pu acquérir ou réserver 830 logements, destinés à accueillir environ 2.600 habitants.

Dans la continuité de ce premier programme et afin d’accroître davantage l’offre de logements abordables, le gouvernement mobilise une enveloppe supplémentaire de 300 millions d’euros.

Afin de répondre aux réalités du marché, plusieurs adaptations ont été apportées au dispositif. L'une des principales évolutions concerne la possibilité pour l'État de n'acquérir qu'une partie des logements d'un projet. Cette option permet de multiplier les projets susceptibles de bénéficier du dispositif tout en optimisant l'utilisation des fonds publics.

En intervenant dès le début de la commercialisation, l'État peut jouer un rôle de «réservation-ancre» en sécurisant une partie des ventes. Cette intervention contribue à renforcer la confiance des acquéreurs privés et facilite l'atteinte du seuil de préventes requis par les établissements bancaires pour financer les projets.

Un projet situé au cœur de Belval

Implanté à Esch-Belval, dans le sud du pays, le projet «ROOTS» s'inscrit également dans les orientations du Programme directeur d'aménagement du territoire (PDAT).

Le choix de son implantation répond aux objectifs nationaux en matière d'aménagement du territoire, qui privilégient la création de logements dans des secteurs bénéficiant d'un accès facilité aux infrastructures, aux services essentiels et aux transports publics.

Back to Top
CIM LOGO