"Jonk musse sech nees méi ustrengen" Och Féduse-CGFP besuergt an alarméiert no schlechte Pisa-Resultater

RTL Lëtzebuerg
D'Enseignantsgewerkschaft fuerdert eng breet Diskussioun iwwer d‘Orientéierung an d‘Prioritéite vum Schoulsystem.
No de rezente PISA-Resultater, déi éischter schlecht ausgefall sinn, weist sech och d’Enseignantsgewerkschaft Féduse-CGFP besuergt. Si schwätzt vun enger alarméierender Situatioun am Lëtzebuerger Bildungssystem.
No de rezente PISA-Resultater, déi éischter schlecht ausgefall sinn, weist sech och d’Enseignantsgewerkschaft Féduse-CGFP besuergt.
© RTL

Kloer wier awer och elo schonn, datt déi Jonk erëm méi misste bereet sinn, sech an der Schoul unzestrengen. Zum Beispill stéiert d‘Féduse sech dorun, datt een an den éischten 3 Lycéesklassen automatesch virukënnt, egal ob een nach Defiziter an engem Fach huet oder net.

De Smartphone an der Schoul ze limitéieren, hält d‘Gewerkschaft fir richteg, gëtt awer ze bedenken, datt muss iwwerluecht ginn, wéi een dat och an der Fräizäit vun de Kanner kéint reduzéieren.

Back to Top
CIM LOGO