
Mol wiere Figuren erofgerappt ginn, mol d'Buchstawen. D'Stad Lëtzebuerg hätt dat den 29. Juni bei der Police gemellt a Plainte gemaach. D'Gemeng hätt och Kontakt mat de Famillen opgeholl, deenen hir Griewer beschiedegt goufen, esou de Ben Eich. D'Police technique wier op der Plaz gewiescht, fir eng Enquête. Den Ament huet d'Police awer keen Täter am Verdacht a kann och keng Aussoen zu den Hannergrënn maachen. Et géif einfach no Vandalissem ausgesinn.