
"Lëtzebuerg beweegen" - dat war d'Iwwerschrëft vum Staatsminister Xavier Bettel senger Deklaratioun zur Lag vun der Natioun um Dënschdeg an der Chamber. / © Pol Arlé
De Xavier Bettel huet um Dënschdeg näischt annoncéiert, mä bilanzéiert a sech zefridde gesot, datt Lëtzebuerg anno 2018 anescht ass wéi anno 2013.
Am Numm vun der Regierung huet de Xavier Bettel seng lescht Deklaratioun zur Lag vun der Natioun fir dës Legislaturperiod gemaach. Offiziellen Term: Déclaration du gouvernement sur la situation économique, sociale et financière du pays 2018.
Et war seng fënneft Ried, se huet eng knapp Stonn gedauert an hiren Titel war "Lëtzebuerg beweegen". Dat war dann och de Grondtenor vum Premier, hien huet opgezielt, wéi eng Mesurë vun der Koalitioun ugepaakt an ëmgesat goufen, fir d'Land ze veränneren, fir Lëtzebuerg ze beweegen.
Direkt am éischt Saz ass de Premier op de Kontext vun der Ried agaangen: "Et ass e spezielle Kontext, well mer um Enn vun enger Legislaturperiod sinn." An och wa jidder Partei virbereet wier a just drop waarde géing, fir de "Send"-Knäppchen ze drécken an der Hoffnung, datt hir Aussoen "de Wee bei de grousse Public fannen", esou huet de Premier tëscht den Zeilen och ëm Éierlechkeet bei de Bewäertung gebieden - et misst och am politeschen Debat ëm d'Realitéit goen, net ëm en intentéiert Schlechtmaachen:
Nach ass et awer och esou, dass et an eiser Welt net just soll drëm goen, wat gesot gëtt, mee em dat, wat ass. Et soll net just drëm goen, wien, wat, wou, wéini kommunizéiert, mee et soll em d'Realitéit goe – em déi tatsächlech Situatioun – em den État de la Nation. [...] Mir sollen dofir och éierlech si mat eis selwer a mat de Leit, déi eis hiert Vertraue bei deene leschte Wale ginn hunn. Mir sollen d'Situatioun net schlecht rieden an och net d'Aen zou maache virun den Erausfuerderungen déi virun eis leien.
Eenzel Punkte kuerz erausgepickt
An dëser Legislaturperiod hätt d'Land sech gutt entwéckelt. Lëtzebuerg wier 2018 kärgesond a gutt opgestallt fir d'Zukunft.
Ugefaange mat de Staatsfinanzen, wou den Defizit beim Zentralstaat fir 2017 op 220 Milliounen Euro konnte gedréckt ginn. Dat sinn iwwer 800 Millioune manner Defizit wéi am Budget 2017 virgesinn. Fir dëst Joer geet de Xavier Bettel beim Gesamtstaat vun engem Iwwerschoss u bal 650 Milliounen aus. D'Staatsschold geet weider erof, d'Investitioune bleiwen op engem héijen Niveau.
De Finanzsecteur wier performant an och an anere wirtschaftleche Secteuren hätt d'Land sech staark entwéckelt.
Vun de Finanzen an der Steierpolitik ass de Premier zu deene Reformen iwwergaangen, déi zanter dem Dezember 2013 ëmgesat gi wieren. Hei huet hie virun allem op d'Familljepolitik verwisen - Stéchwuert Congé parental - an huet sech och fir eng weider Flexibiliséierung vun der Aarbechtszäit staark gemaach. Well: "Kanner, ëm déi mer eis net këmmeren, ginn Erwuessener, déi sech net këmmeren."
D'Zesummeliewen tëscht de Kanner an den Elteren war eng vun de Prioritéite vun der aktueller Regierung. An am Xavier Bettel sengen Ae bleift nach vill ze maachen. Net konkret, mä dofir innovativ ass zum Beispill d'Iddi vun neien Aarbechtszäitmodeller. Déi etabléiere sech awer net vum selwen, weess de Premier. De Staat soll dofir agräifen an d'Viraussetzunge schafen, fir dass Patronen an Salariéë sech eens ginn. Mammen a Pappe solle méi bei hire Kanner sinn. D'Betriber gläichzäiteg weider funktionéieren. E konkrete Modell krut d'Natioun en Dënschdeg nach net proposéiert. Et wär eng Erausfuerderung, déi awer finanzéierbar wär, well ee gutt gewirtschaft hätt, sot de Premier. An dass d'Regierung et kann, do ass de Premier sech sécher: haut géifen d'Kanner méi Zäit mat Mamm a Papp verbréngen, ewéi dat nach ënnert der viregter Regierung de Fall war. De Xavier Bettel beleet seng Ausso mat der Reform vum Congé parental. D'Zuel vun den Demanden ass ëm déi 70 Prozent an d'Luucht gaangen. Bal esou vill Pappen ewéi Mamme profitéiere mëttlerweil vun där Méiglechkeet. Da ginn d'Kanner nach 20 Stonnen fir näischt betreit. An och op d'Changementer bei de Spezial-Congéen ass de Premier houfreg. A puncto Beruffsausbildung huet de Xavier Bettel de Mëtteg ee Pilotprojet annoncéiert. Deemno soll e Schüler parallel zu enger Première am Enseignement Secondaire Général en zweeten Ofschloss an der Formation professionelle maache kënnen. Nach virum Enn vun der Legislaturperiod géif den Educatiounsminister de Projet deposéieren.
Ee weidere wichtege Punkt war d'Educatioun, wou ë.a. iwwer 6 nei Sektiounen am Secondaire rieds goung: Gesondheet, Hospitalitéit, Soziales, Architektur, Informatik an Ëmwelt. Och d'Ediffe wiere reforméiert ginn an dat Ganzt mat dësem Zil: "Dat ass, dass mer Rou behalen an den Enseignanten d'Zäit ginn, fir sech op d'Kanner ze konzentréieren."
Duerno ass et ëm d'Ekonomie gaangen: "De Moteur vun eiser Ekonomie dréint an et kënnt de Leit direkt zu gutt. De Chômagetaux ass an de leschte Jore kontinuéierlech erof gaange vu 7,1% um Ufank vun der Legislaturperiod op haut 5,7%. Eis Wirtschaft ass am Déngscht vun de Leit." Lëtzebuerg misst mat enger Visioun verbonne ginn, mat enger Strategie, mat Zukunft a mat Courage - an do wier den Ufank gemaach, esou de Premier weider:
Mir hunn eis bannent kuerzer Zäit eng weltwäit Renommee opgebaut am Beräich vu Weltraumtechnologien a Spacemining. Mir hunn aus dem Finanzsecteur och eng Plaz fir de FinTech an déi gréng Finanze gemaach, Lëtzebuerg ass d'Plaz vum europäeschen Highperformance Computing, den Automotive Campus ass e grousse Succès, a mir sinn zu enger Referenz an der Datenzenterindustrie gi mam Resultat, dass mir déi éischt digital Ambassaden hei hunn, an dass Lëtzebuerg eben och net just op der Landkaart ass vun enger vun de gréissten Internetentreprisen op der Welt. Google huet zu Lëtzebuerg Terraine kaaft. Et gëtt den Ament e Projet ausgeschafft a mir sinn zouversiichtlech, dass och de nächste Schrëtt e Succès gëtt.
Aner Stéchwierder waren Digitaliséierung, de Rifkin-Prozess a wat dono kënnt, den Nation Branding ...

© Pol Arlé
E grousse Volet an der Ried war och - natierlech - d'Mobilitéit. Hei wier esou vill wéi nach ni investéiert ginn, mam Zil, d'Immobilitéit ze evitéieren, déi douce Mobilitéit ze fërderen an déi natierlech Ressourcë vum Land ze schützen. De Xavier Bettel huet drun erënnert, wat bei der Mobilitéit geschitt ass, a wat nach geschéie soll, fir dass Schinn, Strooss, Vëlosweeër an Trottoir besser aneneen iwwerginn. An den Tram, dee soll bis op Esch-Uelzecht ausgebaut ginn ...
No der Landesplanung an dem Ëmweltschutz ass de Premier och nach op d'Police agaangen - d'Kriminalitéit wier erofgaangen. A weider sot hien: "Déi sozial Kohäsioun ass zentral fir e Land mat engem allgemeng héije Liewensstandard an dofir hu mer derfir gesuergt, dass d'Schéier tëscht Aarm a Räich net weider auserneegeet."
Dem XB säi Kredo: "Mir sinn e Land mat engem ländleche Raum, mat Natur, Bëscher, Wisen a Felder, mee mir sinn awer och e Land mat enger europäescher Haaptstad, mir hunn eng traditionell Industrie mat enger Schmëlz a mat Fabrécken, mee mir sinn awer och eng Start-Up Nation, mat neien, jonken Entreprisen. Mir sinn e Land, wou Lëtzebuergesch geschwat gëtt, mee mir sinn och méisproocheg."
De Xavier Bettel huet sech fir eng Stäerkung vun der Mammesprooch ausgeschwat, fir Esch-Uelzecht als Kulturhaaptstad 2022 a fir Europa als eenzegaartege Friddensprojet.
D'Conclusioun vum Xavier Bettel, an där hien nach eemol - ouni et richteg auszeschwätzen - Fakte géint Fakenews stellt:
"Wat zielt, ass net just dat, wat gesot gëtt, mee och dat, wat ass. Et kann ee soen, dass Lëtzebuerg haut anescht ass, ewéi am Dezember 2013. (...) Lëtzebuerg ass haut och méi modern, méi zäitgeméiss a besser preparéiert op d'Erausfuerderungen, déi virun eis leien. Déi Entwécklung muss weider goen, well mer brauchen de Fortschrëtt a kënnen eis de Stëllstand net erlaben."
Schlussausso: "Eist Land ass haut anescht ewéi viru 4 Joer an dat ass gutt esou."

Éischt Reaktiounen hunn natierlech net laang op sech waarde gelooss: Als Walkampf-Ried a Sech-selwer-op-d’Schëller-Klappen huet d’Oppositioun d’Ried kritiséiert, konkret Problemer wieren net ugeschwat ginn, et wier eng Ried ouni Visioune gewiescht. Ënnert anerem iwwer de Logementsproblem gouf esou gutt wéi guer net geschwat.
Déi ganz Ried an de Liveticker fir nozeliesen
[widget type="liveticker" ticker="cat_live_24042018"]