Fräiwëlleg a Beruffspompjeeën aus der ganzer Welt sinn op dëser grousser Kompetitioun vertrueden. Dorënner och 12 Lëtzebuerger.
En Accident mat 3 Autoen op der Landstrooss – ee Passagéier ass ageklemmt. Huet Angscht. D’Ekipp vum TRT Luxembourg huet 20 Minutte fir ze intervenéieren. Et ass en Zenario ewéi een e gären am Asaz begéint, ma hei zu Réiden un der Atert trainéiert ee fir déi wuel gréisste Kompetitioun.
Sam Schaal, Member beim TRT LX: „D’World Rescue Challenge geet iwwer 5 Deeg. All Ekipp stellt sech do 3 Zenarioen. Engem “Standard”, engem “Rapid” an engem “Complex”. D’Ekippe gi vun 3 bis 4 Jugë bewäert. Da gëtt duerno gekuckt, wien déi meeschte Punkte bei der Sécherheet an Technik vum Schaffe gesammelt huet. An dee Beschte kënnt da ganz uewen op de Podium.”
Op der Weltmeeschterschaft fir Pompjeeë si 50 Ekippe mat 300 Pompjeeën aus der ganzer Welt vertrueden. Op der Competitioun, déi dëst Joer zu Lëtzebuerg organiséiert gëtt, sinn och zwou Ekippen aus dem Grand-Duché mat dobäi.
Sam Schaal: “D’Lëtzebuerger Ekippe sinn op fräiwëlleger Basis. Eis Kolleegen aus dem Ausland, par contre, sinn dacks och emol professioneller. Déi hunn dann e puer Méint virun der Kompetitioun, wou déi vollzäit heifir trainéieren.”
E bësse kompetitiv gëtt een awer och: 2019 gouf et eng 11. Plaz fir d’Team TRT Luxembourg. Eng Ekipp besteet aus 6 Leit: Engem Asaz-Leader, ee Medezinner a véier weidere Memberen. No 3 Joer Paus gëtt aktuell all 3 Wochen trainéiert.
Marc Horper, neie Member beim TRT LX: “Den Ament hu mer 3 méi “eeler” Huesen dobäi. Dat sinn och déi, déi eis méi jonker e bësse matdroen an eis alles weisen. Dat war am Ufank, déi dräi/véier éischt Trainingen och wierklech goldwäert. Ma elo si mer en agespillten Team. Mir hate schonn eng Kompetitioun hei am Land, wou mer als “Frischlinge” och relativ gutt ofgeschnidden hunn. Dofir: dat passt scho ganz gutt.”
Zill vun der Competitioun ass kloer: et gëllt souvill Erfarungswäerter mateneen ze deele wéi méiglech. Dat fir d’Sécherheet vun de Stroossenaffer ze garantéieren.