Lues a lues sickeren Detailer duerch, wourop sech Blo, Rout a Gréng an de Koalitiounsverhandlungen sollen eens gi sinn.

E Mëttwoch kënnt d'Verhandlungsdelegatioun vun der annoncéierter Dräierkoalitioun fir d'9. Kéier an der grousser Ronn beieneen - a lues a lues sickeren och Detailer duerch, op wat sech Blo, Rout a Gréng eens gesat hunn, wat an d'Koalitiounsofkommes soll stoe kommen.

RTL-Informatiounen no goufe sech déi 3 Verhandlungspartner um Prinzip eens, datt et effektiv op den 1. Januar wäert zu enger Netto-Hausse vun 100 Euro vum Mindestloun kommen. Dës Hausse soll iwwert 1/3 duerch d'Betriber an zu 2/3 duerch Steier-Recettë finanzéiert ginn.

E weidere prinzipiellen Accord gëtt et eisen Informatiounen no, datt et wäerten 2 supplementär fräi Deeg am Joer fir all Salarié ginn.

Ee vun dësen Deeg wier en neie Feierdag an zwar den 9. Mee, den Europadag, deen en neie gesetzleche Feierdag géif ginn.

Dëst géif genee deem entspriechen, wat d'LSAP och esou an hirem Walprogramm prekoniséiert hat, nämlech d'Aféiere vum 9. Mee als gesetzleche Feierdag, wat de Précurseur vun esou engem Feierdag an allen EU-Memberlänner wier.

D'nächst Joer fält de 9. Mee op en Donneschdeg.

Reaktiounen an Iddie fir e supplementäre fräien Dag
Mir hunn d'Leit gefrot, wéini si da gären ee fräien Dag hätten.

Mam Eropsetze vum Mindestloun an 2 weidere fräien Deeg géifen zwou substantiell Revendicatioune vun der LSAP ëmgesat, déi jo och an der Walcampagne vu soziale roude Linne geschwat hat, déi missten am Koalitiounsaccord erëmzefanne sinn, soss wier net mat enger Zoustëmmung vun der Parteibasis ze rechnen, respektiv keng Koalitioun mat de Sozialisten ze maachen - hei dierft et also elo Satisfaktioun ginn hunn.

Wéi gesot muss de Prinzip nach an der Plenière ofgeseent ginn - där Reuniounen am grousse Krees sinn der nach 3: e Mëttwoch, Donneschdeg an dann de 5. Dezember, wou den Ofschloss geplangt ass.

Duerno da gëtt de kompletten Accord den 3 respektive Partei-Gremien, fir den definitive Vott virgeluecht, sou dass d'Regierung ëm de Weekend vum 2. Advent kéint vereedegt ginn.

Eng weider Nouvelle aus de Coulissë vum Aarbechtsgrupp "Santé" ass déi, datt de Cannabis soll legaliséiert ginn.

Dat mellt um Dënschdeg de Radio 100,7. Eise Confrèren no géif et awer kee fixen Delai oder en Zäitplang, fir dëst Aféieren ginn - an enger Testphas iwwer 2 Joer ass jo ewell de Konsum vu Cannabis fir medezinesch Zwecker erlaabt.