
“D’Police selwer dierf keen aus dem Fliger huelen”
23 Passagéier hunn op Stiefesdag de Fliger vum Volotea-Vol vum Findel op Nice misse verloossen. Dat well e Steward op ee Mol aus gesondheetleche Grënn net méi matfléie konnt. D’Zuel vun de Passagéier ass awer mat der Zuel vum Personal ofgestëmmt an esou hu bemol just nach manner Leit konnte matfléien.
RTL krut den Incident vun der Police confirméiert. Vum Pressespriecher heescht et awer, dass dat aus Siicht vun de Beamten net wierklech en Asaz war, well näischt virgefall ass. D’Police ass souwisou um Flughafe present a war vum Personal geruff ginn, fir d’Prozedur “pro forma” ze begleeden. D’Beamte selwer dierfe keng Leit aus engem Fliger huelen, betount de Pressespriecher, ausser et wier een zum Beispill handgräiflech oder et géing ee soss eng Gefor duerstellen.
An dësem Fall huet d’Airline d’Leit dozou opgeruff, aus dem Fliger ze klammen. Hätt dat net geklappt, hätt de Fluch mussen annuléiert ginn. Esou konnten déi 23 Leit, déi net matgeflu sinn, den nächste Fluch huelen. Zwee Beamten hunn dat Ganzt begleet, et hätt sech och kee gewiert oder wier aggressiv ginn, heescht et weider vun der Police.
An engem schrëftleche Statement un RTL bedauert d’Pressespriecherin vu LuxAirport dëse Virfall. De Flughafe wier awer net an Entscheedungen, déi de Boarding betreffen, involvéiert. Nëmmen d’Fluchgesellschaft – an dësem Fall Volotea – wier dofir zoustänneg.
Vu Volotea selwer krut RTL nach keng Réckmeldung.
TF1 hat och vun deem Tëschefall matkritt an hat an deem Kontext via d’sozial Medien de 27. Dezember en Opruff gemaach, dass Leit sech solle mellen, déi de Vol V72579 vum 26. Dezember 19.45 Auer gebucht haten. De Fluch ass eréischt no 21 Auer gestart an um 22.19 Auer gelant, deemno iwwert eng Stonn méi spéit wéi geplangt.

________________________________________________
Artikel vum 28. Dezember 2025