TF1 sicht AenzeienWat ass de 26. Dezember um Vol tëscht Lëtzebuerg an Nice virgefall?

Andy Brücker
TF1 mécht op hire soziale Medien en Opruff, dass Leit sech solle mellen, déi de 26. Dezember um Vol V72579 matgeflu sinn.
© URBANANDSPORT/NurPhoto via AFP

Et geet ëm de Volotea-Vol vun 19.45 Auer vu Lëtzebuerg op Nice. Wisou genee TF1 no Passagéier sicht, déi op deem Vol dobäi waren, ass eis bis ewell net bekannt.

Op Nofro beim Fluchhafe vun Nice krute mer matgedeelt, dass hinne keng Informatioune virleien, dass et zu engem Tëschefall soll komm sinn. De Journalist vun TF1, deen den Zeienopruff lancéiert huet, huet op eis Nofro nach net reagéiert.

Op diversen Tracking-Plattforme gesäit een, dass de Fluch net wéi geplangt um 19.45 Auer gestart ass, ma eréischt no 21 Auer. En ass um 22.19 Auer zu Nice gelant, deemno mat iwwert enger Stonn Verspéidung.

© Flightradar

Back to Top
CIM LOGO