Dëse Weekend25.000 Passagéier ginn um Findel erwaart

RTL Lëtzebuerg
Et ass ee vun de Weekender, wou am meeschte geflu gëtt, sot de Generaldirekter vu Luxairport Alexander Flassak dem Radio 100,7.

Virun allem Passagéier, déi net sou reegelméisseg fléien, sollte sech am Virfeld informéieren. Op d’mannst zwou Stonne virdru soll een um Fluchhafe sinn. Et wär een awer gutt preparéiert.

Op verschiddenen europäesche Fluchhäfen ass awer mat Ausfäll ze rechnen. An Italien streike Piloten an d’Buedempersonal. Och an der Belsch manifestéieren d’Ryanair-Piloten.

Déi nächst Woche soll och a Portugal an a Groussbritannien gestreikt ginn.

Back to Top
CIM LOGO