CGDIS mellt 3 BlesséierterCyclist vun Auto ugestouss, Kollisioun tëscht Moto an Auto an accidentéierten Auto

Samantha Weber
D'Rettungsdéngschter vum CGDIS goufen am Laf vum Donneschdegmëtteg op véier Accidenter geruff.
© Jeannot Ries

Bei engem éischten Accident géint 11:25 Auer zu Uewerkuer hat en Zuch eng Fra ze pake kritt. Dës gouf beim Accident blesséiert a vum Samu-Noutdokter an den Ambulanciere vun Esch versuergt. Donieft waren d'Pompjeeë vu Käerjeng a vum Zenter Suessem-Déifferdeng um Asaz.

Knapp eng hallef Stonn méi spéit ass zu Esch-Uelzecht an der Lallenger Strooss en Auto accidentéiert. Och hei gouf eng Persoun blesséiert. Op der Plaz waren d'Ambulanciere vu Péiteng an d'Pompjeeë vun Esch.

E weideren Asaz fir d'Ambulanciere vu Péiteng gouf et géint 16:06 Auer an der Rue du 9 aout 2019 zu Nidderkäerjeng. Hei war e Vëlosfuerer vun engem Auto ugestouss a blesséiert ginn. Nieft der Ambulanz waren och Pompjeeë vu Käerjeng op der Plaz.

Kuerz no 16:30 Auer goufen dann d'Ambulanciere vum Zenter Suessem-Déifferdeng an d'Pompjeeë vu Péiteng an d'Lonkecher Strooss op Rodange geruff. Hei gouf bei enger Kollisioun tëscht engem Moto an engem Auto eng Persoun blesséiert.

Back to Top
CIM LOGO