Chamber4. Kapitel vun der Verfassungsreform gouf eng éischte Kéier gestëmmt

Fanny Kinsch
Mat dësem Kapitel ginn d'Moyene vun der Chamber ausgebaut. An Zukunft brauch et zum Beispill keng Majoritéit méi, fir eng Enquêtëkommissioun anzeberuffen.
© RTL

Dat véiert a lescht Kapitel vun der Verfassungsreform gouf eng éischte Kéier an der Chamber gestëmmt. An deem Kapitel geet et ëm d’Walen, d’Chamber an de Staatsrot. D’Moyene vun der Chamber ginn ausgebaut. Wann d’Reform a Kraaft ass, leeën d’Deputéiert hiren Eed net méi op de Grand-Duc, ma op d’Verfassung of. An Zukunft brauch et keng Majoritéit méi, fir eng Enquêtëkommissioun anzeberuffen. Et geet duer, datt 20 vu 60 Deputéiert dofir stëmmen. Am Grondgesetz bleift festgehalen, datt een net ka gläichzäiteg an der Chamber an am Staatsrot sinn. All aner Incompatibilitéite mussen an engem Spezialgesetz festgehale ginn. Dat géing et dann och méi einfach maachen, fir zu engem spéidere Moment eventuell de Cumul vun de Mandater ofzeschafen, sou de Rapporter Charles Margue.

D’Biergerbedeelegung gëtt ausgebaut, esou kann e Grupp vu Wieler elo och eng Gesetzespropositioun maachen. Et bleift dobäi, datt ee muss op d’mannst 18 Joer hunn an d’Lëtzebuerger Nationalitéit hunn, fir un de Chamberwalen deelzehuelen. D’Verfassungsgeriicht gëtt zoustänneg fir d’Walen ze kontrolléieren.

D’DP, d’LSAP, déi gréng, d’CSV an d’Piraten hu fir d’Verfassungsrevisioun gestëmmt. D’adr huet dogéint gestëmmt an op en Neits d’Majoritéitsparteien an d’CSV kritiséiert, déi sech géint e Referendum entscheet hunn. Déi Lénk hu sech enthalen. Et wiere just kleng Verbesserungen a keng fundamental Progrèsen a Richtung méi Biergerbedeelegung a Stäerke vun der Demokratie.

Fir datt dat véiert Kapitel vun der Reform a Kraaft triede kann, muss d’Chamber nach eng 2. Kéier driwwer ofstëmmen. Den 2. Vott kéint duerch e Referendum ersat ginn, wann op d’mannst 25.000 Bierger oder méi wéi e Véierel vun den Deputéierten an der Chamber dat fuerderen.

Back to Top
CIM LOGO