Vu Villeroy & Boch bei d'Luxembourg School of BusinessD'Schlass Siwebueren gëtt erëm mat Liewe gefëllt

Claudia Kollwelter
Al Maueren, eng laang Geschicht an eng nei Zukunft: Am Rollengergronn kritt d'Schlass Siwebueren en neit Liewen. No Joerzéngte voller Geschicht soll hei geschwënn nees méi lass sinn. Net méi als Residenz vun enger Industriefamill, mee als Campus vun der Luxembourg School of Business. E Projet, deen d'Vergaangenheet mat der Zukunft verbënnt.
© Claudia Kollwelter

Zukunft fir d'Schlass Siwebueren / Reportage Claudia Kollwelter

D'Villeroy e Boch huet um Donneschdeg Owend der Luxembourg School of Business offiziell d'Schlësselen iwwerreecht. Et war an engems d'Geleeënheet ze gesinn, wat an de leschten 18 Méint un Aarbechten a Restauratioun am Schlass gemaach gouf.

Tapéiten, Luuchten a Lüstere goufe restauréiert, neie Buedem gouf geluecht, all Raum krut eng aner an nei Faarf an d'Plättercher, déi do waren, goufen erhalen an a Valeur gesat. Um drëtten a leschte Stack sinn aacht kleng Kummeren, mat dräi historesche "Villeroy & Boch"-Buedzëmmer. Et gëtt genuch ze kucken, wann een duerch d'Schlass trëppelt, andeem aktuell awer nach keng Miwwel stinn.

D'Architektin Tatjana Fabeck betount, datt et wichteg war, déi verschidden historesch Schichten ze respektéieren:

"Elementer aus de 60er a 70er Jore goufe bewosst erhalen, Plättercher, Luuchten a Sanitär-Ausstattung, dorënner Elementer déi vum Luigi Colani entworf goufen. Villeroy & Boch huet insistéiert, datt dat erhale bleift a vill Wäert dorop geluecht."

Vue datt d'Schlass als Campus vun der Luxembourg School of Business eng nei Funktioun kritt, huet och sou munches missen ëmfunktionéiert ginn:

"Déi nei Bëtongstrap war do sécherlech eng déif gräifend architektonesch Interventioun. En Agrëff an d'historesch Bausubstanz war absolut keng einfach Decisioun, déi mir liichtfäerteg geholl hunn. Well awer eng Fluchttrap baussen net a Fro koum, war et déi eenzeg Méiglechkeet, fir den haitegen Ufuerderungen un d'Flucht- a Rettungsweeër gerecht ze ginn an d'Schlass erëm zougänglech ze maache fir d'Ëffentlechkeet."

D'Schlass Siwebueren ass fir den Traditiounsbetrib net just e Gebai, mee en Deel vun hirer Identitéit. Et gouf am 18. Joerhonnert vun de Bridder Jean-François a Pierre-Josef Boch baue gelooss, huet de Markus Warnke, Finanzdirekter vu Villeroy & Boch erkläert. Hien huet awer och u schwéier Decisiounen erënnert:

"Wéi mir 2007 d'Produktioun um Wierk 1 an 2010 an der Finanzkris och d'Wierk 2 hu missen astellen, war dat en déiwen Aschnëtt fir eis, deen nawell wéi gedoen huet."

Eng Epoch wier domat op en Enn gaangen an et stoung ee virun engem Areal vun 83.000 Quadratmeter, dat eng nei Zukunft gebraucht huet. Deemools hätte vill Leit hinne geroden, et séier ze verkafen un deen, wou am meeschten dofir bidde géing. Mä dat wollte si awer net. D'Schlass gouf 2011 als Patrimoine klasséiert. Dat lescht annerhalleft Joer goufe vill Moderniséierunge gemaach:

"Den historeschen Daach gouf erneiert, d'Fënsteren denkmalgerecht sanéiert, d'Fassad propper gemaach, de barock Stuck op de Plaffonge restauréiert a mat engem Lift och modern Upassunge gemaach, fir d'Gebai accessibel fir jiddereen ze maachen."

D'Luxembourg School of Business plënnert deemno elo an d'Schlass. Virun iwwer zéng Joer huet d'Schoul hei am Grand-Duché mat nëmme sechs Studenten ugefaangen an deemools d'Ofschlossfeier vun deem Joergang am Schlass Siwebuere gefeiert. Haut zielt ee 400 Studenten a mam neie Campus wëll een nach weider wuessen. De Schlëssel vum Schlass huet elo mol an der Hand an traditionell krut de Managing Direkter vun der Schoul Marin Njavro och e Brout a Salz, natierlech op Porzeläi vu Villeroy & Boch iwwerreecht.

Den 19. November goufen offiziell d'Schlëssele vum Schlass Siwebueren vu Villeroy & Boch un d'Luxembourg School of Business iwwerreecht.
Den 19. November goufen offiziell d'Schlëssele vum Schlass Siwebueren vu Villeroy & Boch un d'Luxembourg School of Business iwwerreecht.
© Claudia Kollwelter

Back to Top
CIM LOGO