Büro am Sportsministère nei ageriicht4 Still, e Bäistelldësch an 2 Hockere fir bal 9.600 Euro

RTL Lëtzebuerg
Eng hallef Dosen nei Still an der Valeur vun 11.000 Euro fir de Sportsministère? De Piraten-Deputéierte Marc Goergen huet dës Rumeur hannerfrot.
Beispillbild.
Beispillbild.
© RTL-Archiv

Vum neie Sportminister Georges Engel gouf hien an enger parlamentarescher Äntwert gewuer, datt effektiv fir den Accueil vum Sportministère eng Garnitur vu véier Still, engem Bäistelldësch an zwee Hockere kaf gouf. Zwar net fir 11.000 Euro, mee awer fir zesumme ronn 9.600 Euro. De Sportminister huet a senger Äntwert dann nach preziséiert, datt dës Ausgaben am Februar zejoert iwwert de Staatsbudget bezuelt goufen. Dunn also, wéi säi Virgänger Dan Kersch am Ministère nach d’Soen hat.

Wéi et heescht wier dës Garnitur geduecht, fir d’Gebai vum Sportsministère beim INS um Cents a säi Mobilier aus de 70er Joren ze moderniséieren an den Accueil fir Visiteure méi “sportlech” ze equipéieren.

PDF: Äntwert op d'parlamentaresch Fro

Back to Top
CIM LOGO