
Dat mat der Ënnerstëtzung vun der Spezialeenheet vun der Police an dem Policekommissariat vun Esch.
D’Persoun war vun de brasilianeschen Autoritéite via Interpol mat engem internationalen Haftbefeel gesicht ginn.
Déi brasilianesch Justiz hat de Mann den 23. Januar 2020 wéinst Mord zu enger Prisongsstrof vu 16 an engem hallwe Joer verurteelt.
De Concernéierte sëtzt den Ament zu Lëtzebuerg am Prisong a waart op seng Ausliwwerung a Brasilien.