
Déi Webapplikatiounen, déi BMS fir d'Digitaliséierung vum Gesondheetssecteur entwéckelt oder host, wieren net direkt kompromettéiert ginn. Allerdéngs war en Deel vun der fir dës Servicer néideger Cloud-Infrastruktur temporär net disponibel.
D'Firma huet direkt extern Cybersecurity-Experten ageschalt, d'Police an den CNPD informéiert an d'Infrastrukturen no Sécherheetskontrollen no an no nees a Betrib geholl.
D'Ënnersichungen hu keng Dateleaks festgestallt. BMS betount och, datt d'temporär Verschlësselung oder Onverfügbarkeet vun Daten net mat engem definitive Dateverloscht gläichzesetze wier.
Entgéint Berichter, no deenen op d'mannst 80 Dokteschcabinete betraff gewiescht wieren, präziséiert BMS, datt 40 medezinesch Cabinete vum Virfall betraff waren.
Mëttlerweil kéinten all Clienten hir Aktivitéiten nees ophuelen an déi wichtegst Servicer sinn zeréck.
D'Sécherheetsmoossname goufen zousätzlech verstäerkt. Eng separat an externaliséiert Backup-Léisung, déi net vun der Attack betraff war, hätt et erméiglecht, déi concernéiert Daten nees hierzestellen.