Vollekszielung 202149,3 Prozent vun der Populatioun am Ausland gebuer

RTL Lëtzebuerg
De Statec huet e Freideg nei Zuelen zu der Populatioun zu Lëtzebuerg publizéiert. 73,7 Prozent vun de Bierger hunn deemno eng Migratiounsvergaangenheet.

Zu de Leit mat Migratiounsvergaangenheet gehéieren Leit, vun deenen op d’mannst een Elterendeel am Ausland gebuer gouf, oder déi selwer net zu Lëtzebuerg op d’Welt koumen. Dës lescht Grupp mécht 49,3 Prozent vun der Populatioun aus. 26,3 Prozent vun der Populatioun sinn zu Lëtzebuerg gebuer, genee wéi hir zwee Elterendeeler.

52,8 Prozent vun den Awunner hunn déi Lëtzebuerger Nationalitéit. Bei 38,2 Prozent ass d’Haaptnationalitéit dogéint eng aus engem aneren EU-Land. Hei ass dann Portugal mat 14,5 Prozent vun der Populatioun am stäerkste vertrueden, virun de Fransousen (7,6 Prozent) an de Belsch (3,1 Prozent). 2 Prozent sinn Däitscher. Eng 6,3 Prozent vun den Awunner komme vun ausserhalb vun der EU.

An der Vollekszielung am Joer 2021 hunn iwwerdeems 20,8 Prozent vun de Lëtzebuerger uginn, si hätten d’Nationalitéit iwwert Naturalisatioun kritt. Dëst entsprécht enge 70.900 Leit. De Gros dovunner - knapps iwwer 50.000 Leit - kruten d’Nationalitéit tëscht 2002 an 2021. 10,9 Prozent vun der Populatioun hunn iwwerdeems méi wéi eng Nationalitéit.

Méi Detailer fannt Dir hei.

Back to Top
CIM LOGO