Waarden op eng Wunneng oder en Haus, dat se zu engem abordabele Präis kënne lounen. Tëscht 4 a 6 Euro de Metercarré, jee no “Revenu net” vum Stot, gëtt als Loyer gefrot. All Joer op en Neits muss de Stot seng Pai-Fichen eraginn an da ka jee no finanzieller Situatioun och de Loyer erof- oder eropgoen. Bis een un d’Rei kënnt an eng Wunneng oder Haus ka lounen, kann awer seng Zäit vergoen. Op d’mannst 3 Joer waart een zum Beispill op eng Wunneng vun dräi Zëmmer, seet den Direkter Jacques Vandivinit. De Fonds du Logement gëtt et zënter 1979 a momentan ass et de gréisste Gestionnaire vu Wunnengen an ëffentlecher Hand. 2.064 Logementer verloune si aktuell. Am Joer 2021 hu si 183 Locatiounen/Relogementer ofgewéckelt.
En aneren Acteur am Secteur vum abordabele Wunnengsbau ass d’Société Nationale des Habitations à Bon Marché (SNHBM) an dat schonn zënter 1919. 70% vun hire Logementer si fir de Verkaf. Am Joer 2019 huet een en Haus zum Präis vun am Schnëtt 430.000 Euro zu Conter kritt, haut kascht dat genee selwecht Haus 600.000 Euro, um Site vun SNHBM zu Ierpeldeng-Sauer. D’Präisdeierecht wéinst deierem Baumaterial an den Energiepräisser ass deemno och en Thema am Beräich vum abordabele Wunnengsbau. An awer leien dës abordabel Haiser e gutt Stéck ënnert dem Marchéspräis. Méiglech wier dëst duerch en “bail emphytéotique”, dat heescht, den Terrain, wou d’Haus dropsteet, ass just gelount an doduerch huet d’SNHBM eng aner Marge wéi d’Promoteure vum fräien Immobiliëmarché.
De Guy Entringer, den Direkter vun der SNHBM, erkläert dëst esou: “Mir rechnen eis Verkafspräisser vun ënnen erop, dat heescht a Funktioun vun de Konstruktiounskäschte fixéiere mer e Verkafspräis an déi privat Promoteuren, déi fixéieren éischter de Verkafspräis par Rapport zum Maartpräis. Wat méi dran ass, wat de Präis méi héich ass, a wa se da bësse méi deier bauen, hu se eng gutt Finitioun, mä wa se bëlleg bauen, ass hir Marge an hire Benefice méi grouss.”
2018 huet d’SNHBM hir Kontrakter fir Logementer, déi verkaf ginn, geännert, wat d’Virkafsrecht ugeet. Zënterhier huet d’SNHBM e Virkafsrecht vun 99 Joer op all de Wunnengen an Haiser, déi se verkafen. Dat heescht, de Proprietär muss, wann hie verkafe wëll, zu definéierte Konditiounen un d’SNHBM zeréckverkafen. D’Evolutioun vum Verkafspräis ass un de Bauindex gekoppelt an all Joer gëtt eng Décote wéinst Alterserscheinunge vun 1% agerechent. Virdru waren d’Konditiounen anescht an d’Virkafsrecht war just op 12, 17 oder 25 Joer limitéiert an duerno konnt de Proprietär um fräien Immobiliëmarché verkafen.
Mir kruten en Temoignage vun engem Mann, dee virun 10 Joer bei engem ëffentleche Bauträger e Logement kaf huet an dat haut bereit. “Et war e Feeler, well ech mech net genuch informéiert hunn, wat dat géif bedeiten, wat ech do géif ënnerschreiwen”, seet de Mann. Et geet virun allem ëm d’Verkafskonditiounen, bei deenen hien och just dem ëffentleche Promoteur zu bestëmmte Konditioune kann zeréckverkafen. Hie mécht sech Suergen, wat geschitt, am Fall, wou hien net méi kann am Logement bleiwen, sief et duerch eng Scheedung, en Accident, wou een an de Rollstull bënnt oder eleng duerch eng Familljenerweiderung bei engem Kannerwonsch. D’Evolutioun vum Verkafspräis wier a sengen Aen net ginn.
“De Präis, zu deem de Promoteur public der et zeréckkeeft, ass am Kontrakt fixéiert, esou dass ee mam Baukäschtenindex an d’Luucht geet, deen an de leschten 30 Joer an der Moyenne 1,7% war, minus déi Décote vun 1%, sou dass de Bien all Joer misst 0,7% reevaluéiert ginn.” Just déi lescht 2 Joer war de Baukäschtenindex méi héich. Mä duerch déi ganz geréng Reevaluatioun vum Logement géif all Proprietär vun engem abordabele Logement e Kafkraaftverloscht erleiden. “Déi sëtzen do a si wäerten och net kënnen erauskommen, well se keng Kapazitéit méi hunn, fir e Logement ze wiesselen.”