
Tëschent Kruuchten a Schrondweiler ass géint 23.20 Auer en Donneschdeg den Owend e Camion an e Bam gerannt, de Samusdokter vun Ettelbréck war op der Plaz, fir sech em eng blesséiert Persoun ze këmmeren.
Eng weider Persoun gouf da blesséiert, wéi sech kuerz virun 00.30 Auer e Freideg de Moien zu Biereng en Auto iwwerschloen huet.
Op der Diddelenger A3 krute sech kuerz no 1 Auer tëscht dem Rond-point Gluck an dem Gaasperecher Kräiz 2 Autoen ze paken. Och hei gouf eng Persoun blesséiert.
Kuerz virun hallwer 3 goufen et 2 Blesséierter, wéi en Auto tëschent Réimech an der Ellenger Gare en Auto an d’Leitplank gerannt ass.
Bei enger Kollisioun tëschent 2 Autoen op der Escher Autobunn géint 20 fir 5 ass kee blesséiert ginn.
Scho géint 22.30 Auer en Donneschdeg den Owend waren d’Nout- a Rettungsdéngschter wéinst engem Brand an enger Kichen zu Nidderfeelen am Asaz, hei gouf eng Persoun blesséiert.