An der Gemeng Ierpeldeng-Sauer gouf e Sonndeg gewielt. Per Referendum gouf decidéiert, ob d’Aarbecht déi nächst zwee Joer solle weidergoen, fir d’Gemeng op déi méiglech Nordstad-Fusioun mat Ettelbréck, Dikrech a Schieren ze preparéieren.
D’Awunner vun Ierpeldeng, Angelduerf a Bierden hunn e Sonndeg mat 58,88% fir d’Weiderféiere vun de Fusiounsgespréicher gestëmmt. De Referendum war néideg ginn, nodeems et am Gemengerot zu Onstëmmegkeete komm war. Véier Conseillere ware fir eng Fusioun, véier dogéint, bei enger Enthalung.
Fir aus der Patt-Situatioun erauszekommen, hat de Conseil decidéiert, d’Fro un d’Bierger weiderzeginn.
Mat hirem „Jo“ ënnerstëtzen d’Awunner d’Iddi an d’Méiglechkeete vun enger vereenter Nordstad weider z’analyséieren. Eng definitiv Fusioun misst awer eréischt 2027 an engem zweeten, lokale Referendum confirméiert ginn.
Wou ass wéi ofgestëmmt ginn?
64 Prozent “Jo” zu Ierpeldeng
63 Prozent “Jo” zu Angelduerf
56 Prozent “Jo” zu Bierden
17,55 Prozent Absencë goufe gezielt.

Kee Futtball haut – mee dofir huet esou muncher een d’Resultat vum Referendum an der Buvette vum Futtballsveräin gefeiert. Fir de Buergermeeschter, de Claude Gleis, steet awer fest – et bleift genuch Kommunikatiounsaarbecht no baussen. “Ech hu scho gemierkt et ware vill Leit e bëssen iwwerfuerdert. Déi wossten net richteg em wat et géing goen. Dat hu mer aus dësem Referendum geléiert. Mir mussen elo wierklech mat der Kommunikatioun lassleeën. Mir mussen do lo méi aktiv. Mir wäerten dat och déi nächst Méint maachen.”
Jean-Paul Zeimes
Schierener Buergermeeschter
“Fir, datt déi Aarbecht och honoréiert gëtt déi mer bis elo geleescht hunn, mengen ech ass dat doten e gutt Resultat wou mer wieder kennen dru schaffen. An d’Aarbecht déi mer bis elo gemaach hunn war net fir näischt.”
Jean-Paul Schaaf
1te Schäffen zu Ettelbréck
“Wann elo hei e kloren Nee erauskomm wier, da wier déi national Landesplanung vum Dësch. Sou einfach ass et. Eis Aarbecht ass natierlech, datt dat net «au detrimant» vun de Leit geet déi hei wunnen.”
Charles Weiler
Dikrecher Buergermeeschter
“Et gëllt elo fir konkret un de Projeten ze schaffen. Fir déi awer och no baussen ze kommunizéieren. Datt d’Leit de Mehrwäert vun enger fusionéierter Nordstad gesinn. Dass un eis dat ëmzesetzen.”
Fir d’Nordstad-Vision war de Votum vun dësem Sonndeg symbolesch wichteg. Nodeems Bettenduerf d’Gespréicher scho gestoppt huet, hu sech vill Leit gefrot, ob d’Fusioun nach eng Zukunft huet – oder ob hei zu Ierpeldeng e weideren décke Stréch ënnert d’Iddie gezu gëtt.
RTL-Artikel (17.10.2025): Infoowend am Virfeld vum Nordstadreferendum den 23. November: Zu Bierden ass d’Stëmmung wéinst dem Wandrad zimmlech gereizt
RTL-Artikel (10.07.2025): Neit Kapitel a Saachen Nordstadfusioun: Ierpeldeng organiséiert Enn vun dësem Joer ee Referendum