Ierpeldeng organiséiert Enn vun dësem Joer ee Referendum
Am Referendum soll et drëm goen, ob d'Gemeng d'Gespréicher ëm d'Nordstadfusioun weiderféiere soll oder net.
D'Nordstad kënnt net zur Rou. E Méindeg hat sech den Ierpeldenger Gemengerot net dorobber eenege kënnen, ob ee sech weider un de Gespréicher iwwert eng Fusioun mat Dikrech, Ettelbréck a Schieren bedeelege soll oder net. Well et eng Patt-Situatioun gouf, ass de Conseil nach eng Kéier fir eng Aarbechtssëtzung zesummekomm. An do war ee sech eens, datt ee Referendum organiséiert soll ginn.
Nach Enn vun dëse Joer sollen déi Ierpeldenger Bierger no hirer Meenung gefrot ginn. Dobäi ass dee Schrëtt am Fong net néideg, an der nächster Sëtzung géing dem Buergermeeschter Claude Gleis seng Stëmm, wann et nees zu enger Patt-Situatioun komme sollt, nämlech duebel zielen. E Méindeg hat hie fir ee Weiderféiere vun de Fusiounsgespréicher gestëmmt. Firwat also ee Referendum? De Claude Gleis erkläert:
"Also ech fannen, datt dat an enger Patt-Situatioun wierklech wichteg ass. An dee Vott geet jo dann esou oder esou aus an ech mengen, wann de Vott vun de Bierger am Referendum positiv ausgoe géing, da géinge mer och gestäerkt aus der ganzer Situatioun erausgoen."
Wéi de Referendum ausgoe wäert, wier schwéier ze soen, senger Meenung no wier alles méiglech. Ma egal wéi et um Enn ausgeet, et géing een d'Resultat op alle Fall respektéieren. Schonn Enn d'lescht Joer hat de Conseiller Laurent Lacour ee Referendum gefuerdert, deemools war awer eng Majoritéit dogéint.
De 24. Juli wäert den Ierpeldenger Gemengerot nees zesummekommen, da wäert ee mat der duebeler Stëmm vum Buergermeeschter decidéieren, d'Fusiounsgespréicher weiderzeféieren. Dat soll et den Aarbechtsgruppen um Niveau vun der Nordstad erlaben, d'Fusioun weider ze preparéieren. D'Buergermeeschtere vun Dikrech, Ettelbréck a Schieren géingen dee Plang ënnerstëtzen.
Dës Woch hate sech d'Gemengeréit vun Dikrech a Schieren schonn unanime fir ee Weiderféiere vun de Fusiounsgespréicher ausgeschwat, e Méindeg gëtt dann nach zu Ettelbréck ofgestëmmt. Wann d'Gespréicher weidergefouert an op een Enn bruecht ginn, sollen d'Bierger vun deene 4 Nordstadgemengen am Joer 2027 an engem Referendum definitiv iwwert d'Fusioun decidéieren.