"Lëtzebuerg ass um Wee vu Steiergerechtegkeet. An d'Rulingen entspriechen internationale Regelen", esou de d'Reaktioun vum Premier Xavier Bettel.

Iwwer 340 Multinational Sociétéiten solle systematesch an iwwer Joeren, mat Hëllef vu Lëtzebuerg, Steieren a Milliardenhéicht gespuert hunn ...

RTL

Erkläre sech ... an hir Virgänger: Premier Bettel, Finanzminister Gramegna, Wirtschaftsminister Schneider a Justizminister Braz (vu lénks no riets). / © Max Theis

Als Reaktioun op dës Revelatioune vun der internationaler Press war um Donneschdeg de Moien um 10.30 Auer e Point presse "LuxLeaks" vun der Regierung, op dee ganz kuerzfristeg invitéiert gi war:
 
Le Premier ministre, ministre d’État, Xavier Bettel, le Vice Premier ministre, ministre de l’Économie, Étienne Schneider, le ministre des Finances, Pierre Gramegna, et le ministre de la Justice, Félix Braz, feront un point de presse au sujet des révélations «LuxLeaks».

Direkt 4 Ministere hu sech virun d’Press gestallt, mat virop dem Staatsminister Xavier Bettel.

"Lëtzebuerg ass um absolute Wee vun der Steiergerechtegkeet, et gëtt natierlech kee gutt Bild vu Lëtzebuerg, mä Rulingen entspriechen den internationale Reegelen", dat sot de Premier Xavier Bettel op der Pressekonferenz vun der Regierung.

Esou Tax-Rulings, also Accorden, an deenen Entreprisen am Viraus wëssen, wéi vill Steiere se bezuelen, ginn et net nëmmen zu Lëtzebuerg, mä och an anere Länner - dat ass direkt e puer Mol gesot ginn. Donieft gouf ënnerstrach, dass et näischt Illegales ass. D’Entwécklung vun deem Steierinstrument hätt awer mat sech bruecht, dass eng ganz Partie Entreprisë keng oder quasi keng Steiere bezuelen.

De Finanzminister Pierre Gramegna huet erkläert, dass Lëtzebuerg op OECD-Niveau an op EU-Niveau matschafft. Et wëll een onbedéngt net méi op der schwaarzer Lëscht stoen an de Ruff vun der Steieroas hunn.

AUDIO: De Pierre Gramegna

De Pierre Gramegna huet ënnerstrach, dass d’Steierverwaltung opgestockt gouf, fir déi sougenannt Rulingen sou sérieux wéi méiglech ze kucken. De Finanzminister sot och, dass ee misst kucken, wéi d'EU-Kommissioun sech verhält géintiwwer den Dokumenter déi public gi sinn. Et géif een op alle Fall voll coopéréieren.

VIDEO: Luxembourg Leaks
Dokumenter déi beleeën, dass multinational Entreprisen iwwer Jore mat Hëllef vum Grand-Duché Steieren a Milliardenhéicht agespuert hunn goufen haut publizéiert.

Tax-Rulings: "net méi gutt"

D’Entwécklung vun dem Steierinstrument "Tax-Rulings" hätt ebe mat sech bruecht, dass eng ganz Partie Entreprisë keng oder quasi keng Steiere bezuelen. Dat fënnt déi aktuell Regierung net gutt a si wëll hëllefen, dass dat sech um internationalen Niveau ännert.

Lëtzebuerg eleng kéint awer do net aktiv ginn, dat internationaalt Ëmfeld an d’Entreprisë selwer wiere gefuerdert. D’Regierung géif Verbesserungen op alle Fall ënnerstëtzen um Niveau vun der EU an der OECD. Den Image vu Lëtzebuerg ass op alle Fall weider ugekraatzt ginn, eng Saach déi de Staatsminister bedauert huet.

AUDIO: De Reportage vum Max Theis (06/11/2014 - 12h30)
AUDIO: Max Theis mat éischten Impressioune vun der Pressekonferenz
RTL

Lëtzebuerg soll iwwer Jore massiv Steierflucht ënnerstëtzt hunn. Sou hätten iwwer 340 multinational Sociétéite systematesch Steieren a Milliardenhéicht gespuert. Dorënner Konzerner wéi Pepsi, Ikea oder Amazon.

D'Lëtzebuerger Steierautoritéite sollen dofir ganz komplex Finanzkonstrukter vun PriceWaterhouseCoopers autoriséiert hunn, sou datt d'Entreprisen op hire Gewënner deels manner wéi ee Prozent Steiere bezuelt hunn.

Dat geet aus dausende Geheimdokumenter ervir, déi a 40 Medienhaiser, ënnert der Coordinatioun vun engem internationale Konsortium mat Sëtz zu Washington, ausgewäert goufen.

PriceWaterhouseCoopers wollt net direkt ëffentlech reagéieren. Wéi et an der Presse heescht, hätt d'Consultingfirma awer präziséiert, dass ee konform wier mat de lokalen, europäeschen an internationale Steiergesetzer. Um 14 Auer huet sech dann awer déi inkriminéiert Consultingfirma PriceWaterhouseCoopers geäussert:

En réaction aux articles de la presse internationale sur les tax rulings luxembourgeois, nous vous convions à une conférence de presse ce jour à 14h dans notre bâtiment (2, rue Gerhard Mercator, Luxembourg - Gasperich). Didier Mouget, Managing Partner, et Wim Piot, Tax Leader, feront le point sur cette actualité.

PwC wollt awer kee Livestream vun der Pressekonferenz zouloossen. Och Kamerae waren net zougelooss. Souguer Fotoe waren net erwënscht.

PwC, PricewaterhouseCoopers, huet wéi gesot en Donneschdeg de Mëtteg op LuxLeaks reagéiert. Transparent wollt ee sinn. D'Tëlee an d'Fotografen hunn op der Pressekonferenz awer missen dobausse bleiwen. De Grond: Et wéilt een dat neit Gebai nach net filmen a fotograféiere loossen.

AUDIO: PwC a LuxLeaks: Reportage Nadine Gautier
VIDEO: PWC hëlt Stellung
D'Consultingfirma PriceWaterhouseCoopers huet op Luxembourg Leaks reagéiert.

"Attack, déi Lëtzebuerg viséiert"

Wat LuxLeaks ugeet, dat wier eng Attack, déi Lëtzebuerg viséiert. Lëtzebuerg hätt sech relativ gutt an der Finanzkris geschloen, aner Länner net, sou PwC. Et wieren elo Dokumenter publizéiert ginn, déi op d'mannst 15 Länner betreffen. Lëtzebuerg wier awer dat Eenzegt, dat erausgepickt gouf. Villäicht aus Jalousie, esou den Didier Mouget vu PwC.

AUDIO: Den Didier Mouget vu PwC

D'Dokumenter, déi elo publizéiert goufen, wiere sech op illegal Manéier zougeluecht ginn. Ënnert den Dokumenter sinn der och déi schonn 2010 verëffentlecht goufen. Doropshin hat PwC eng Plainte gemaach, déi Prozedur géif nach lafen.

Et wieren al Pabeieren an déi Lëtzebuerger Fiscalitéit hätt sech an der Tëschenzäit och geännert.

D'Steieraccorden, déi de Multinationalen accordéiert gi waren, wiere legal. Dat, wat de Moment an de Medie leeft, wier een tapage mediatique, méi net. Et hätt ee sech näischt ze reprochéieren, sou nach PwC.

VIDEO: 'LuxLeaks' : Reaktioun vun der Lëtzebuerger Regierung.
Vu Lëtzebuerg op Bréissel: D'Regierung huet Haut direkt eng Kommunikatiouns Offensiv gestart mat dem Message: 'Mir sinn fir Transparenz.'

En Donneschdegowend huet de Lëtzebuerger Finanzminister sech och nach zu Bréissel virun der internationaler Press geäussert.

Den Interessi um Lëtzebuerger Finanzminister Pierre Gramegna senger Pressekonferenz zu Bréissel, no enger Reunioun vun den Euro-Finanzminister, wor ganz grouss. Dat koum och net vun ongeféier, nodeems gëscht Diskussiounen iwwert de Luxembourg-Leaks-Skandal fir gréisser Opreegung gesuergt hunn. De Pierre Gramegna huet d'selwecht wéi schonn am spéide Moien op enger Pressekonferenz nach eemol betount, dass de Grand-Duché weder géint nationaalt nach géint internationaalt Recht verstouss huet, och wann sou Accorden an Zukunft net méi ze vertriede sinn. De Finanzminister huet gëschter Owend op e neits ervir gestrach, dass et fir d'Regierung extrem wichteg ass op Transparenz ze setzen an huet op e neits als Beispill d'Ofschafe vum Bankgeheimnis genannt, iwwert dat d'Parlament e Mëttwoch ofgestëmmt huet. Um Enn huet de Pierre Gramegna nach eemol ënnerstrach, dass Lëtzebuerg op allen Niveaue mat der Europäescher Kommissioun wëll zesummeschaffen wat de Ruling betrëfft.

Vun der internationaler Presse gouf de Finanzminister och op d'Roll vum Jean-Claude Juncker an dëser Affaire ugeschwat. De Pierre Gramegna huet doropshin geäntwert, dass de Kommissiounspresident an dëser Saach géif objektiv handelen an d'Regelen esou applizéieren wéi et virgeschriwwen ass. Op d'Fro ob et sech bei de Revelatiounen ëm eng Attack géint de Jean-Claude Juncker handelt, sot de Pierre Gramegna weider näischt wéi datt dëst reng Spekulatioun wier.

E Freideg den Owend um18 Auer iwwerdeems kënnt d'Finanzkommissioun vun der Chamber a Präsenz vum zoustännege Minister fir eng Drénglechkeetssëtzung zesummen. D'Deputéiert vun der CSV an der adr hunn dës Entrevue mam Finanzminister gefrot.

Wolfgang Schäuble iwwer Juncker

Den däitsche Finanzminister Wolfgang Schäuble gesäit am Kader vun de rezenten Diskussiounen iwwert de sougenannten Steier-Ruling kee politesche Schued fir den neien EU-Kommissiounspresident Jean-Claude Juncker. Dat eent hätt näischt mat dem aneren ze dinn, sou de Schäuble en Donneschdeg den Owend zu Bréissel. De Jean-Claude Juncker wier een erfollegräiche Premier a Finanzminister zu Lëtzebuerg gewiescht. Et wier jo och net nei, dass souwuel am Grand-Duché wéi och an aneren europäesche Länner probéiert gëtt duerch international Beroder déi steierlech Belaaschtung ze minimiséieren, sou nach den däitsche Finanzminister.

Kritik un de Steierpraktiken vun däitschen Entreprisen hei zu Lëtzebuerg, gëtt et vun der Unioun vun den däitsche Steierzueler. D'Verhale vun dëse Sociétéiten dierft wuel zu Lëtzebuerg legal sinn, sou de President vum BdSt an engem Interview mat der Rheinischen Post. Global gesinn, géife si awer net fair handelen. Och grouss Konzerner missten do hire Beitrag leeschten wou si hir Sue verdéngen.

EU: President Juncker géint Premier Juncker?

D'Dokumenter stamen aus der Zäit, an der de Jean-Claude Juncker Lëtzebuerger Premier wor. Hie sot géintiwwer dem NDR, dass hie sech net wëll an d'Enquête amëschen. Duerchaus hätt hien eng Meenung, mä hie géif déi fir sech behalen, sou de fréiere Lëtzebuerger Premier.

E Porte-Parole vum neien EU-Kommissiounspresident Juncker sot awer, d'Kommissioun géif de Grand-Duché bestrofen, wann EU-Reegelen gebrach gi wieren.

VIDEO: Den EU-Kommissiounspresident Jean-Claude Juncker wäert net intervenéieren

Am Kontext vun de LuxLeaks-Revelatioune weist sech d'EU-Kommissioun also och interpelléiert: Wéi et vu Bréissel um Donneschdeg geheescht huet, géif ee lugubere Steier-Konstrukter vu Länner zu Gonschte vu grousse Konzerner op d'Spur goen.

Gepréift géif ginn, ob illegal oder net justifiéiert Konkurrenzvirdeeler doduerch geschaf gi wieren. Esou verstoppt staatlech Hëllefe wieren dem europäesche Recht no verbueden, sot eng Porte-Parole vun der Bréissler Kommissioun.

Den Ament lafen 4 Enquête wéinst onduerchsiichtege Steier-Praktike géint Irland, Holland an eben och Lëtzebuerg.

EU-Parlament: Gëtt de JCJ geruff?

D'Europaparlament dreet dem Jean-Claude Juncker mat enger offizieller Auditioun.

Zwou Fraktioune wëllen de fréiere Lëtzebuerger Premier offiziell zu Luxleaks befroen. Dat fuerderen de Guy Verhofstadt, de Chef vun der liberaler Fraktioun, an den Gianni Pittella, de Chef vun de Sozialisten. D'Glafwierdegkeet vum Jean-Claude Juncker steet um Spill, sou de Pittella. Seng Fraktioun wëll fir d'nächst Woch eng Extra-Debatt froen.

E Spriecher vum Kommissiounspresident sot, de Jean-Claude Juncker géif virum Parlament schwätzen, wann e gefrot gëtt.

Reaktioun Lëtzebuerger Europadeputéiert

Et ass net richteg datt duerch Luxleaks just op Lëtzebuerg geklappt gëtt, esou de gréngen Europadeputéierten Claude Turmes. Aner Länner géifen den Tax Ruling nämlech och praktizéieren. Deen ass an den Aen vum grénge Politiker onfair. Well zum Beispill kleng Geschäfter normal Steiere bezuelen, woubäi grouss Multinationalen vu massiven Steiervergënschtegunge profitéieren. D'Regierung géif de Moment awer do wëllen eppes drun änneren, wat de Claude Turmes begréisst.

Luxleaks ass een Non-Event, seet den CSV Europadeputéierte Frank Engel. Et wier keng nei Geschicht an et wier keng illegal Praktik. Och den DP-Europadeputéierte Charel Goerens ass där Meenung. Eent steet fir déi zwee Europadeputéiert fest. Lëtzebuerg gëtt hei onfair behandelt. Nadine Gautier.

Eng Fro stellt sech de Frank Engel: Firwat huet de Lëtzebuerger Parquet nach net agéiert. Schliisslech géif et sech bei Luxleaks ëm eng Verletzung vum Steiergeheimnis handelen.

Reaktiounen vun nationaler Politik

"Ech ginn de Verdacht net lass, datt den Zäitpunkt, fir LuxLeaks ze lancéieren, gewielt gouf, fir Lëtzebuerg a virun allem den neie Kommissiounpresident Jean-Claude Juncker ze schwächen." Dat sot de Fraktiounschef vun der CSV an enger éischter Reaktioun. Ruling-Prozedure wieren näischt Anormales. Et gëtt an enger ganze Rei anere Länner gemaach an et ass konform zu den internationale Reegelen, sou de Claude Wiseler.

AUDIO: LuxLeaks: de Claude Wiseler

De Claude Wiseler deelt d’Aussoe vun der Regierung um Donneschdeg de Moien an ënnerstëtzt se um Wee fir méi Transparenz. D’Regierung sot, si géif et net gutt fannen, wa Betriber keng oder quasi keng Steiere bezuelen. De Claude Wiseler gesäit et ähnlech.

D’Steierpolitik déi lescht Joren zu Lëtzebuerg hätt sech entwéckelt. Déi viregt Regierung hätt schonn de Wee vu méi Transparenz ageschloen. D’CSV géif déi aktuell Regierung op deem Wee begleeden.

D'CSV huet um Donneschdeg och gefrot, datt d'Finanz- an d'Budgetskommissioun vun der Chamber esou séier wéi méiglech zesummekënnt. Och d'ADR huet dat gefrot. An dat ass dann elo och schonn um Freideg de Fall an zwar owes um 18 Auer.

Dës Reunioun gouf kuerzfristeg vum President Eugène Berger ageruff. Do sollen et dann Explikatioune vum Minister Gramegna a Saachen "Rulings" ginn.

Och d'ADR huet um Donneschdeg de Moie direkt per Communiqué reagéiert:

Wann een dauernd d'Box erof léisst, da muss een sech net wonneren, wann ee gebeetscht gëtt. Zur selwechter Zäit, wou de Finanzminister déi Transparenz vun der Regierung, heescht totaalt Ofschafe vum Bankgeheimnis, op enger Pressekonferenz gelueft huet, hu ronderëm d'Welt 80 Journalisten Artikele geschriwwen, wou Lëtzebuerg nees un de Pranger gestallt ginn ass: déi sougenannte Luxembourg Leaks. D'ADR stellt mat groussem Bedauere fest, datt wat ons Regierung méi liicht an d'Knéie geet, wat méi op Lëtzebuerg geklappt gëtt. D'Land brauch dréngend en Zukunftsplang, an zwar ee wou festhält, wouhin de Lëtzebuerger Standuert a seng Finanzplaz steiert, an e Premier an e Finanzminister, déi konsequent d'Interessie vum Grand-Duché verdeedegen!

Den LSAP-Generalsekretär Yves Cruchten twittert dogéint: Wéinstens verkafe mir keng Waffen u Schurkenstaaten oder maachen de Nopeschlaenner Konkurrenz mat ridicule niddrege Léin...

Déi Jonk Lénk schreiwen hirersäits "Schluss mit kriminellen Machenschaften!" a fuerderen de Récktrëtt vum Jean-Claude Juncker als EU-Kommissiounspresident. Extraiten:

Wenn Premierminister Xavier Bettel nun vor der Presse verkündet, man hätte « nichts falschgemacht », dann ist das ein unglaubliches Affront gegenüber jenen Ländern, denen Jahr für Jahr durch Steuerflucht Milliardeneinnahmen durch die Lappen gehen. Luxemburg hat sich über die letzten Jahrzehnte gegenüber diesen Ländern wie ein Parasit benommen. Grund zur Verwunderung gibt es also keinen.

Wenn der Sparapologet Pierre Gramegna davon faselt, "tax rulings" seien Teil desluxemburgischen "patrimoine", so ist das schlichtweg kriminell. Andere Länder um Milliarden zu erleichtern, kann nicht Teil eines "patrimoine" sein. Gerade er, der die Bevölkerung ständig zu Sparanstrengungen auffordert und so bedacht auf eine "Null-Defizit-Politk" ist, sollte dann zumindest konsequenterweise auch Anstrengungen von den Konzernen fordern.

Wenn Jean-Claude Juncker nun angibt, sich heraushalten zu wollen, so ist das ein Schlag insGesicht all derer, die unter der Austeritäts- und Sparpolitik in Europa leiden. Der allergrösste Teil der Ruling-Abkommen sind unter Junckers Regierung zustande gekommen.Ohne die jahrzehntelangen kriminellen Machenschaften Junckers hätten viele europäische Staaten einige Milliarden mehr in den Staatskassen, die zur Hilfe der Menschen in Not dienen könnten. Während die arbeitende Mehrheit der Bevölkerung mit „Zukunftspaketen“ zur Kasse gebetenwird, während die Kaufkraft der Haushalte konstant abnimmt, während Studierenden die Mittelzum Leben entzogen werden, können multinationale Großkonzerne, die Milliardengewinne einfahren, ungehindert am äußersten Rande der "Legalität" operieren und in Zusammenarbeit mit der Regierung Steuerzahlungen in Milliardenhöhe umgehen. Während der Mehrwertsteuersatz angehoben wird und dadurch vor allem die Geringverdienenden getroffen werden, bietet Luxemburg dem internationalen Großkapital die Möglichkeit, so wenig wie möglich abdrücken zu müssen.

Déi Lénk schwätzen am Kontext LuxLeaks vun enger Bomm, déi ageschloen hätt - och wa vill gewosst gewiescht wier. Auszich:

Eine Zeitbombe, denn das was jetzt enthüllt wurde, haben viele erahnt, nicht zuletzt déi Lénk, die regelmäßig auf die verschiedenen Instrumente der „legalen“ Steuerhinterziehung in Luxemburg (und ‚Tax-Ruling‘ ist nur eines davon) aufmerksam gemacht haben - zuletzt am Dienstag anlässlich der Abstimmung im Parlament über den Informationsaustausch von Steuerdaten.

All dies schadet dem Ansehen Luxemburgs und seiner BürgerInnen; dies ist nicht herunterzuspielen. Die staatlich organisierte Steue rhinterziehung hinterlässt Schäden in Milliardenhöhe! Dabei handelt es sich um Geld, das souveränen Staaten und deren Bevölkerungen verloren geht. Wenn ein Staat einem anderen Steuere inkünfte vorenthält, so profitieren hiervon – wie die geleakten Dokumente belegen – nur mächtigeMultis und Superreiche; um die Haushaltslöcher zu stopfen, die daraus entstehen, werden – auch in Luxemburg – die Steuern der Haushalte und Beschäftigten erhöht. Die unsozialen Steuererhöhungen des „Zukunftspaks“ sind hierfür ein eklatantes Beispiel.

Déi Lénk wëllen och iwwert d'Responsabilitéit vun der elo oppositioneller CSV schwätzen a si fuerderen en ëffentlechen Debat an der Chamber iwwer dat, wat elo erauskomm ass.

Och Transparency International Lëtzebuerg huet um Donneschdeg am Nomëtteg reagéiert a fuerdert Opklärung:

Transparency International Luxembourg demande aux autorités luxembourgeoises de mener une enquête nationale (outre les enquêtes internationales qui sont menées par différents acteurs ou institutions) en toute transparence afin d’élucider les reproches formulés et de vérifier en particulier s’il y a eu collusion ou si des avantages ont été échangés entre des représentants de l’Etat (que ce soit au niveau des administrations ou au niveau du gouvernement) et des parties tierces, notamment celles qui sont intervenues comme intermédiaire dans les négotiations entre les contribuables et l’Etat afin d’obtenir lesdits avantages allégués.

AUDIO: "Affaire Luxleaks": Erklärungen am Moiesjournal.

Vläit brauche mer méi Transparenz. Mee déi muss een da mat dem Steiergeheimnis ënnert een Hutt bréngen. Seet iwwer d'Lux-Leaks e Fachmann vun der Finanzplaz, de Georges Bock vun der Consulting-Firma KPMG.

Si waren um Donneschdeg net erféiert, seet de Georges Bock, well si haten vun de journalisteschen Ufroen hir gemierkt, datt eppes ënnerwee wier; si hunn dat awer net serieux fonnt, wat do gefrot gin ass.

Et ass awer natierlech d'Fro, wéi grouss de Schued fir d'Finanzplaz ass, vum Image hier an och eventuell materiel. De Georges Bock mécht do guer keen Ënnerscheed teschent materiel an ideell.

Fir de Rescht giff et op der Finanzplatz awer wuel weidergoen wéi bis ewell. Quitte datt een op engem präzise Punkt vläit méi matspille muss an och wëll. Et muss a Steier-Froen eng gemeinsam Linn fonnt ginn, eng eenheetlech Sprooch, fir datt et keng Tricken oder Ausweeër méi gëtt, wou bal Null Steiere kënne bezuelt ginn. E ganze Procédé, deen den Ament am Gaang ass.

AUDIO: Lux-Leaks Georges Bock/Reportage Nico Graf

Wat ass geschitt?

LuxLeaks - also eng gréisser Indiskretioun oder carrément eng Fuite zu Lëtzebuerg. Dat kënnt engem bei dësem Konschtwuert an de Kapp an déi belsch Dageszeitung Le Soir huet et gutt gewielt, well op hirem Internetsite lesoir.be huet si um Mëttwoch den Owend en Dossier online gesat, dee se LuxLeaks gedeeft huet, well d'Infoen doraus op 28.000 Säite vu confidentiellen Dokumenter stamen. Journaliste vum Soir a vum International Consortium of Investigative Journalists (ICIJ, Washington) hätte sech duerch déi ganz Infoe gewullt - an dobäi wier erauskomm: "Plus de 340 sociétés multinationales – dont 26 sociétés belges – ont bénéficié du dumping fiscal du Grand-Duché." Dorënner Konzerner wéi Pepsi, E.On, Ikea, Amazon, iTunes oder nach d'Deutsche Bank.

Et geet drëm, datt grouss international Firme Steier-Accorde mat Lëtzebuerg getraff hunn - "geheim Accorden":

...des accords secrets leur permettant de sabrer dans leurs charges fiscales moyennant une présence toute symbolique au Grand-Duché. Ces sociétés ont transféré des centaines de milliards d’euros via le Luxembourg et évité de payer des milliards d’euros de taxes, révèle l’étude de presque 28.000 pages de documents fiscaux confidentiels disséqués par une équipe de plus de 80 journalistes établis dans 26 pays.

Wéi déi investigativ Journaliste wëllen erausfonnt hunn, hätt Lëtzebuerg a ville Fäll net déi offiziell Steiertauxe vu ronn 20 Prozent applizéiert, ma heiansdo just 1 Prozent oder esouguer nach manner. Am Fall vun enger belscher Entreprise hätt deen effektiven Taux bei 2,3 Prozent geleeën:

Les documents révélés consistent en des centaines de « rulings », sorte d’accords à l’amiable avant impôt engageant la société étrangère et l’administration fiscale luxembourgeoise.

Ënnert der Coordinatioun vun engem internationale Konsortium mat Sëtz zu Washington, zu dem d'Süddeutsche Zeitung, déi franséisch Zeitung Le Monde, d'Zeitung Le Soir aus der Belsch oder nach de Norddeutscher Rundfunk an The Guardian gehéieren, am ganze 40 Medienhaiser, hunn zesummen déi ronn 28.000 Säiten geheim Dokumenter ausgewäert.

RTL

Am ganzen hu weltwäit bal 80 Journalisten aus 26 Länner dru geschafft. Elo hunn den ICIJ a seng d'Partnermedien e gudden Deel vun de 548 Rulingen online gesat. Déi Accorde stamen aus de Joren 2002 bis 2010

An dat wier just en "Deel vum Skandal" esou Le Soir:

Il ne s’agit que d’une partie du scandale puisque tous les rulings que nous publions sont parmi ceux négociés par la seule société de conseil comptable PricewaterhouseCoopers, au nom de ses centaines de clients. D’autres sociétés conseils ont très certainement obtenus des accords similaires.

D'Dokumenter géifen zum Beispill weisen, datt FedEx vu Memphis (USA) am Grand-Duché 2 Filialen opgemaach huet, fir hei Suen aus Mexiko, Frankräich a Brasilien transitéieren ze loossen - au titre de dividendes essentiellement détaxées -, an datt Lëtzebuerg acceptéiert hätt, just 0,25 Prozent dovun ze taxéieren:

Le Luxembourg a accepté de ne taxer qu’un quart de pourcent de ce flux (oui : 0,25 %), laissant exempt de toute taxe 99,75 % de ces revenus.

FedEx hätt sech net zu de Steieraccorde wëllen äusseren, esou de Soir.

PWC wollt bis ewell net ëffentlech reagéieren. D'Firma huet just betount sech ëmmer un d'Gesetzer ze halen. D'Dokumenter wiere vereelst a geklaut a géifen vun der zoustänneger Verwaltung analyséiert.

Dës Fuite vun Dokumenter, esou Le Soir weider, kéim zu engem delikaten Ament, well grad elo de fréiere Lëtzebuerger Premier Jean-Claude Juncker säin neien Job als President vun der EU-Kommissioun ugefaangen huet:

Juncker, qui était l’homme fort du Grand-Duché quand ont été ciselées bon nombre d’échappatoires fiscales, a promis dans sa nouvelle fonction de combattre les excès fiscaux, mais il a aussi déclaré qu’il était convaincu que le régime fiscal de son pays était en « pleine concordance » avec la législation européenne.

D'Dokumenter stamen aus der Zäit wou hien nach Lëtzebuerger Premier wor. Mat den Evenementer konfrontéiert, sot hie géintiwwer dem NDR, dass hien sech net wëll an d'Enquête amëschen. Hie géif op kee Fall intervenéieren a géif säin Amt och net mëssbrauchen.

De Lëtzebuerger Premier Xavier Bettel iwwerdeems huet déi Lëtzebuerger Steierpolitik verdeedegt. Wat Lëtzebuerg gemaach hätt ass ok, sot hien der Süddeutsche Zeitung. De Grand-Duché wier keng Steieroase. Hie kéint d'Steieren awer net héijen, just fir dass et den Nopeschlänner déi Scholden hunn, da besser geet, gëtt de Xavier Bettel zitéiert.

VIDEO: "Reputatiounsproblem"
Den UEL-Direkter Jean-Jacques bedauert d'Aart a Weis fir Lëtzebuerg international duergestallt gëtt.

COMMUNIQUÉ

Le ministère des Finances apporte des clarifications au sujet de la pratique des décisions anticipées en matière fiscale (06.11.2014)                 

Suite à la publication par le consortium ICIJ de plus de 500 décisions anticipées en matière fiscale (“rulings”) émises par les autorités fiscales luxembourgeoises entre 2002 et 2010, le ministère des Finances tient à apporter un certain nombre de clarifications.

La pratique des décisions anticipées est bien établie dans de nombreux Etats, dont le Luxembourg. Dans de telles décisions anticipées, l'administration fiscale confirme l'application des règles nationales et internationales pertinentes à une situation donnée.

La Commission européenne a confirmé la conformité de la pratique des décisions anticipées en général avec le droit européen, pour autant qu'elles ne soient pas utilisées pour octroyer à des entreprises des avantages dont d'autres entreprises dans la même situation ne pourraient pas bénéficier.

Les décisions anticipées rendues par l'administration fiscale luxembourgeoise sont conformes au droit national, européen et international. Leur légalité n'est d'ailleurs pas remise en question.

L'interaction entre les règles nationales des différentes Etats, dans le cadre des règles internationales applicables en la matière, peut permettre à des entreprises de réduire sensiblement leur charge de l'impôt. L'analyse ne saurait dès lors être limitée au rôle qu'un seul pays donné est susceptible de jouer dans ce contexte.

Depuis la crise économique et financière, le regard que les Etats et les citoyens portent sur ces mécanismes internationaux a changé. La légitimité de certains mécanismes, conformes aux règles applicables, est aujourd'hui remise en question. Le Luxembourg partage cette analyse. En particulier, le Luxembourg estime qu'il n'est pas acceptable qu'une entreprise donnée puisse se prévaloir des règles internationales de manière à échapper de facto à toute imposition.

La communauté internationale dans son ensemble est mise devant ses responsabilités, de même que les entreprises multinationales, pour adapter les règles multilatérales aux réalités actuelles. Le gouvernement luxembourgeois a pris un engagement fort en faveur de la transparence en matière fiscale. Il participe activement aux discussions au niveau de l'OCDE et de l'Union européenne, visant à mettre en place une plus grande équité fiscale au niveau mondial.

Au niveau national, le gouvernement a soumis au parlement, en début d'octobre 2014, un projet de loi visant à mieux encadrer les décisions anticipées en matière fiscale, avec l'objectif de rendre la procédure plus transparente. Au niveau européen, le Luxembourg a soutenu en juillet 2014 l'introduction dans la directive 'mère-filiale' des dispositions visant à prévenir la double non-imposition des groupes de sociétés découlant des prêts hybrides. Le Luxembourg appuie également la proposition d'introduire dans la directive 'mère-filiale' une clause générale anti-abus.

Au cours des derniers mois, le Luxembourg s'est engagé de manière concrète en faveur de l'introduction de l'échange automatique d'informations en matière fiscale comme norme mondiale. Dès le 1.1.2015, le Luxembourg appliquera l'échange automatique sur base de la directive fiscalité de l'épargne, rompant ainsi avec la tradition du secret bancaire. Le Luxembourg figure parmi les « early adopters » pour l'application de l'échange automatique au niveau de l'OCDE, dès 2017.

Communiqué par le ministère des Finances

Zoufall? Schonn um Dënschdeg hat Lëtzebuerg "reagéiert"

Ironie du sort: Zu Lëtzebuerg gouf um Mëttwoch nach eemol vun offizieller Säit betount, datt elo Schluss mam Bankgeheimnis wier an datt déi Transparenz der Finanz- a Bankeplaz gutt doe géing ...

Déi nei Transparenz mécht d'Finanzplaz Lëtzebuerg rëm méi attraktiv fir auslännesch Entreprisen. Dat sot e Mëttwoch de Moien de Finanzminister Pierre Gramegna. Am Kader vun enger Pressekonferenz ass de Minister op eng Partie Mesuren agaangen, déi d'Regierung an de leschten 12 Méint geholl huet, fir op Kritiken a Reprochë vun baussen ze reagéieren.

Eng dovunner ass den automateschen Informatiounsaustausch a Steier-Froen an d'Ophiewe vum Bankgeheimnis fir Net-Residentë vum 1. Januar un. Déi nei Regierung hätt dës Mesuren acceleréiert, fir a Richtung vun enger Transparenz ze goen, déi am Interêt vun der Finanzplaz Lëtzebuerg wier. Déi ganz Diskussiounen ëm d'Bankgeheimnis an d'Steierplaz hätten de Grand-Duché an de leschte Joren isoléiert. Elo awer wiere rëm vill méi Entreprisen dorunner interesséiert, hir Aktivitéiten op Lëtzebuerg ze verlageren, sou de Pierre Gramegna.

De Pierre Gramegna ass um Donneschdeg a Freideg am Kader vum Eurogroupe an dem EcofinConseil zu Bréissel.

VIDEO: Transparent Steierpolitik
De Finanzminister Pierre Gramegna stellt d'Lëtzebuerger Steierpolitik an den internationale Kontext.