Seat huet nees e Liewenszeeche vu sech ginn, dat mat direkt zwee Faceliften.

Seat ass a sech eng Traditiounsmark, vun där een allerdéngs a leschter Zäit net méi vill héiert. Viru kuerzem goufen awer deen neien Ibiza, respektiv deen neien Arona presentéiert. Fir eis war de Rich Simon, aus der Automag-Redaktioun, bei den Tester mat dobäi. Rich war's de frou mol nees eng Kéier ee Seat ze testen?

Automag: Seat Arona an Ibiza

Dat kann een effektiv esou soen, well et dach ganz roueg ëm d'Mark aus dem VW Konzern ginn ass. Virun allem zanter Cupra um Marché ass. Duebel frou dann och direkt, well et zwee Facelifte gouf. De legendären Ibiza an eeben den Arona. Den Ibiza gëtt et zanter 1984 an et ass dee Model de mat der Mark verwuerzelt ass , wéi soss keen aneren. 6 Millioune Mol gouf de klenge Spuenier bis elo verkaaft. Den Arona gëtt et nach net esou laang. Nämlech zanter 2017. De klenge Crossover SUV ass op Basis vum Ibiza opgebaut. Dofir huet et och Sënn gemaach fir béid Autoe zesummen ze presentéieren.

RTL

© Rich Simon

Wéi huet sech dann den Ibiza presentéiert?

Also och wann den Numm net um Auto géif stoen, géifs de direkt erkennen, datt et een Ibiza ass. D'Designer hunn elo net mordikus probéiert, fir den Ibiza drastesch ze veränneren. Den Interieur gouf qualitéitstechnesch verbessert an et kommen nei Faarwen a Felgen. 4 Motorisatioune stinn zu Verfügung: 4 Mol 1 Liter mat 80, 95 an 115 Päerd an dann nach d'Top-Versioun mat 150 Päerd a serieméisseg der bewäerter automatescher 7 Gang DSG Boîte. Bei deene zwou ënneschte Versiounen, gëtt et just eng manuell 5 Gang Boîte a beim Motor mat 115 Päerd kann een tëscht manuell 6 Gang an der automatescher 7 Gang Boîte wielen. Et sinn alleguerte Bensinn Aggregater.

RTL

© Rich Simon

Wat fir eng Motorisatioun kënnt da fir dech a Fro?

Déi zwou mat 80 a 95 Päerd ginn a mengen Aen net duer. 115 Päerd sinn ok a bei den 150 Päerd kann ee sech mam Ibiza schonns richteg flott amuséieren. Virun allem an der sportlecher FR Ausféierung wou d'Fuerwierk bësse méi stramm ofgestëmmt ass.

Dann erziel eis och nach bëssen iwwer den Arona...

Wéi gesot ass de Chassis vum Arona, dee selwechte wéi dee vum Ibiza. Am Arona hues de awer ee bessert Raumgefill. Wat d'Motorisatiounen uginn, do verzicht ee beim Arona op déi mat 80 Päerd. Dofir awer genee wéi beim Ibiza 95 Päerd mat der manueller 5 Gang Boîte. 115 PS wou een tëscht der manueller an der automatescher ka wielen an och nees de Motor mat den 150 Päerd an der DSG Boîte.

Wéi gesäit däi Fazit fir déi zwee Autoen aus a wat kaschte se?

Bei béiden Autoen, ass elo keng revolutionär Neierung ze erkennen. Et hält ee bei Seat um gudden ale fest. Iergendwéi hunn ech d'Gefill, datt een d'Mark kënschtlech um Liewen hält. Hybrid- respektiv Elektrotechnik, sinn zum Deel nach Friemwierder, sollen awer an den nächste Jore kommen. Vun engem neie Modell war op der Presentatioun awer keng Ried. A grad dat wier a mengen Aen ee Statement gewiescht, datt Seat eng Zukunft huet.

Wat elo d'Präisser uginn: Den Ibiza start bei 18.755 Euro an den Arona bei 21.855 Euro.