Dräi Deeg Streik ugekënnegt
© MARIUS BURGELMAN / BELGA MAG / BELGA VIA AFP
Déi belsch Gewerkschafte protestéieren domat géint déi geplangte Spuermesurë vun der Regierung. D'Auswierkunge wäerten enorm sinn.
Bei der Bunn gëllt scho vun e Sonndeg den Owend un e reduzéierte Fuerplang. E Méindeg soll nëmmen nach all zweeten Zuch iwwerhaapt fueren. Um Internetsite vun der SNCB an och op cfl.lu stinn dozou déi aktuell Informatiounen.
En Dënschdeg sollen och d‘Mataarbechter vun de Gemengen a vum Staat hir Aarbecht néierleeën. Dat betrëfft deemno ënnert anerem Schoulen, Crèchen, d‘Post, Spideeler an den ëffentlechen Transport.
E Mëttwoch wäerten dann och d‘Salariéen aus dem Privatsecteur beim Streik matmaachen. Ausserdeem wäerten op den zwee gréisste Fluchhäfe Bréissel a Charleroi keng Fligere starten.
D‘Regierung hat gréisser Spuermesuren annoncéiert, fir d‘Depensë bis 2030 ëm 10 Milliarden Euro ze reduzéieren. D‘Belsch ass aktuell eent vun de Länner mat deene meeschte Scholde bannent der EU.