Zu Leideleng, Conter, Péiteng, Suessem a Féiz62 Verstéiss bei groussen Tuningkontrollen

RTL Lëtzebuerg
De leschte Weekend hat d'Police e puer Tuningkontrollen zu Leideleng, Conter, Péiteng, Suessem a Féiz organiséiert.
Symbolbild vun engem Tuningauto
© Silas Stein / DPA / dpa Picture-Alliance via AFP (Archiv)

Bei Tuningkontrolle vun der Police vun e Freideg um 21 bis e Samschdeg um 2 Auer zu Leideleng, Conter, Péiteng, Suessem a Féiz goufen 62 Verstéiss festgestallt. Nieft de Pabeieren an dem allgemengen Zoustand vun de Gefierer gouf och kontrolléiert, ob d’Ännerungen un den Autoen de gesetzleche Virschrëften entspriechen an an der Groer Kaart agedroe sinn.

An 18 Fäll hunn d’Beamten Ännerungen un de Gefierer festgestallt, déi net richteg agedroe ware wéi zum Beispill en Auspuff oder e Winker. 19 Mol gouf et Mängel bei der Beliichtung an eng Kéier bei de Pneuen. An 11 Fäll waren d’Pabeieren net an der Rei oder hu gefeelt.

Donieft si siwe Chauffere wéinst hirem Fuerverhalen negativ opgefall a fënnef Autoen hu missen ofgeschleeft ginn.

Back to Top
CIM LOGO